Lëtzebuerger Energiewirtschaft

Vu Wikipedia

D'Lëtzebuerger Energiewirtschaft ass haaptsächlech doduerch gekennzeechent, datt Lëtzebuerg nëmmen 12,3 % vun der verbrauchter Energie doheem produzéiert a 87,7 % aus dem Ausland importéiert.

Struktur an Entwécklung vum Verbrauch[änneren | Quelltext änneren]

De Gesamtkonsum vun Energie zu Lëtzebuerg vun 51.187 GWh am Joer 2004 (an elektresch Energieunitéiten) ausgedréckt deelt sech follgendermoossen op (A Klameren den Undeel am Joer 2003):

  • Elektresch Energie: 12,3 %, (12,9 %)
  • Kuelen: 2,2 %, (2,0 %)
  • Petrolsprodukter: 67,8 %, (66,1 %)
  • Naturgas: 17,6 %, (18,9 %)

Bis 1970 ass den Energiekonsum staark an d'Luucht gaangen, bedéngt ënner anerem duerch d'Noutwendegkeete vun der Stolindustrie an de Verbrauch vu Petrolsprodukter, dee staark geklommen ass. Dunn huet, wéi aus dëser Graphik vun der Lëtzebuerger Regierung ervirgeet, de gesamten Energiekonsum stagnéiert an ass souguer ënner säin Niveau vun 1970 gefall:

Entwécklung vum Energiekonsum zu Lëtzebuerg (1970-2001)

Wat dobäi opfält ass:

  • De Kueleverbrauch (giel Kolonn) ass staark zeréckgaange wéinst dem Iwwergank vun der Stolproduktioun op Elektrostol an dem Zoumaachen am Joer 1997 vum leschten Héichuewen.
  • De Verbrauch vu flëssege Brennstoffer (hellgréng) ass gläichzeiteg staark op 63,6 % am Joer 2001 geklommen an huet 2004 souguer en Undeel vu 67,8 % erreecht (wichtegsten Energieträger haut).
  • De Verbrauch vun Äerdgas (orange) dogéint ass relativ konstant bliwwen.
  • Den Asaz vun Holz (donkelgréng) ass méisseg geklommen.

D'Elektresch Energie[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 2004 sinn zu Lëtzebuerg 6.296 GWh elektresch Energie verbraucht ginn, 2,6 % méi wéi 2003. D'elektresch Energie stellt dobäi 12,3 % vum Endkonsum vun Energie zu Lëtzebuerg duer. 59,4 % sinn iwwer d'Netz vun der Cegedel verdeelt ginn.

  • Urspronk vun der elektrescher Energie, déi 2004 an d'Netz agespeist ginn ass:
    • Importen: 87,7 %
    • Cogeneratioun: 7,8 % (Energie déi produzéiert a gläichzäiteg fir thermesch Zwecker benotzt gëtt)
    • Stroum aus hydraulesche Quellen: 2,1 %
    • Stroum, dee bäi der Offallverbrennung ufält: 0,9 %
    • Stroum aus Biogas: 0,9 %
    • Stroum aus der Sonnenenergie (Photozellen)

Déi grouss Etappe vun der Elektrifikatioun vum Land[änneren | Quelltext änneren]

D'Cegedel (Compagnie Grand-Ducale d'Electricité du Luxembourg) ass de 27. Mäerz 1928 gegrënnt ginn. Si huet d'Missioun, den Approvisionnement, den Transport an d'Verdeelung vun elektreschem Stroum zu Lëtzebuerg sécherzestellen, an dat zu wettbewerbsfäege Präisser.

D'Etappe vun der Elektrifizéierung zu Lëtzebuerg waren:

  • 1882: Schafung vun enger Installatioun fir d'Produktioun vun elektreschem Stroum um Irminenhaff bei Rouspert duerch den Henri Owen Tudor.
  • 1886: D'Stad Iechternach ersetzt d'Pëtrolsluuchten duerch elektresch Luuchten an de Stroosse vun Iechternach an ass domat déi éischt Stad zu Lëtzebuerg mat elektrescher Stroossebeliichtung.
  • 1904: D'Stad Esch-Uelzecht gëtt duerch d'Gelsenkirchener Bergwerks AG (déi spéider Arbed Terres Rouges) mat Stroum beliwwert.
  • 1907: D'Gesellschaft Le Gallais-Metz & Cie vun Dummeldeng liwwert Stroum un d'Stad Lëtzebuerg.
  • 1913: D'Elektrifikatioun vu Lëtzebuerg gëtt decidéiert an d'Chamber stëmmt e Gesetz iwwer de Studium vu sou engem Projet.
  • 1922: D'Chamber beoptraagt d'Regierung, d'Elektrifikatioun vum Land op der Basis vun engem private Konzessiounsvertrag weiderzedreiwen.
  • 1924: D'Chamber autoriséiert d'Regierung iwwer d'Ausaarbechtung vun engem Konzessiounsvertrag ze verhandelen.
  • 1927: Eng Konzessiouns-Konventioun gëtt mat der Sociétéit Electrification Industrielle vu Paräis ënnerzeechent.
  • 1928: D'SOTEL (Société de transport d'énergie électrique du Grand-Duché de Luxembourg) gëtt gegrënnt mat enger meerheetlecher Bedeelegung vun der Siderurgie.
  • 1928: D'Konventioun iwwer d'Elektrifikatioun vum Land gëtt ratifizéiert, d'CEGEDEL gegrënnt an d'Konzessioun gëtt hir iwwerdroen.
  • 2002: Europäesch Direktiv iwwer d'Liberalisatioun vum Stroummaart (an Etappe wéinst dem Verbrauch, eng Liberalisatioun, déi an der Endphase, vum 1. Juli 2007 un, all Client d'Méiglechkeet gëtt, säi Stroumliwwerant fräi ze wielen.

D'Zukunftsproblemer am Hibléck op den Energiekonsum[änneren | Quelltext änneren]

D'Objektive vu Kyoto[änneren | Quelltext änneren]

Well d'ganz Welt beängstegt ass iwwer d'Emissioune vun Ofgasen, déi nach ëmmer wuessen an zu beängstegende Klimaverännerunge féieren, hunn déi Vereenten Natiounen d'Initiativ ergraff, fir dës Emissiounen anzeschränken. Dat ass opgrond vum Protokoll vu Kyoto vum 11. Dezember 1997 geschitt, deen de 16. Februar 2005 a Kraaft getrueden ass. Opgrond vun dësem Protokoll sollen d'Länner, déi ënner dësen Accord falen (180 Länner hunn dësen Accord ënnerschriwwen, d'USA gehéieren net dozou), hir Emissioune vu Kuelendioxyd (CO2) an aneren Zäregasen, déi d'Atmosphär an de Klima belaaschten, géintiwwer enger Referenzperiod staark reduzéieren. Fir Lëtzebuerg ass dëse Prozentsaz op 92 % festgeluecht ginn. Dat heescht, datt Lëtzebuerg säin Ausstouss vun Zäregase bis 2010 ëm 28 % géintiwwer 1990 reduzéiere muss.

D'Recommandatioune vun der Europäescher Kommissioun iwwer d'Promotioun vun erneierbaren Energien[änneren | Quelltext änneren]

D'Europäesch Kommissioun huet sech d'Suerge vum Protokoll vu Kyoto och zu eege gemaach an d'Memberlänner vun der Europäescher Communautéit ugehalen:

  • Energiespuermoossnamen anzeleeden;
  • Dispositioune virzegesinn, fir d'Ofgase vun CO2 an anere geféierleche Zäregasen ze reduzéieren
  • de Bäitrag vun erneierbaren Energien, wéi Holz, Wandenergie, Solarzellen-Anlagen oder Biogas un der gesamter Produktioun vun der elektrescher Energie z'erhéijen (Direktiv 2001/77/CE).
    • Fir Lëtzebuerg bedeit dat, datt am Joer 2010 d'erneierbar Energien zu 5,7 % vun der gesamter Stroumproduktioun bäidroe missten. 1997 waren dat nach nëmmen 2,1 %.

All dës Objective berouen um Prinzip, eng nohalteg Entwécklung unzestriewen, och am Intérêt vun der Erhalung vum laangfristegen ekologeschen an soziale Gläichgewiicht.

D'Objective vun der Regierung bis 2010[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'Objective vum Protokoll vu Kyoto an och d'Direktive vun der Europäescher Kommissioun iwwer d'erneierbar Energië kënnen z'erfëllen, geet d'Regierung vun enger Rei vu Viraussetzungen aus:

  • De Konsum vun elektreschem Stroum daarf net iwwer säin Niveau vun 1997 erausgoen
  • D'Produktioun vu Wandenergie muss da 15-mol méi héich sinn
  • D'Produktioun vu Biogas muss mat 208 multiplizéiert kënne ginn
  • D'Capacitéit vu Müllverbrennungsanlage muss voll ausgelaascht kënne ginn
  • D'Produktioun vu Stroum iwwer Solarzelle misst op 80 GWh erhéicht ginn
  • Eng Erhéijung vun der Stroumproduktioun aus hydraulesche Quellen ass net méiglech.

D'Lëtzebuerger Regierung ass vun dësen Iwwerleeungen ausgaangen, fir en nationale Plang fir eng dauerhaft Entwécklung (Plan National pour un Développement Durable, PNDD) auszeschaffen. Déi Eenzelmesuren sinn am Besonneschen:

  • Promotioun vun der Isolatioun vu Gebaier
  • Besser Auslaaschtung a méi eng rationell ekologesch Ausnotzung vun Energieanlagen
  • Subsidë fir d'Schafe vun neien alternativen Energiequellen: Solarenergie a Wandenergie
  • Ofsaz- a Präisgarantie fir d'Energie aus erneierbare Quellen
  • Kuckt d'Mesuren am Eenzelen

Lëtzebuerg an d'Wandenergie[änneren | Quelltext änneren]

Eoliennen-Park zu Heischent

Am Joer 2005 hunn zu Lëtzebuerg 35 Wandmillen (Éoliennen) funktionéiert, déi elektresche Stroum produzéieren. Si hunn eng Leeschtung déi tëscht 500 an 1.800 kW läit, an déi zesummen eng total installéiert Leeschtung vu 35.315 kW opweisen. Opgrond vun Aussoe vun Ëmweltminister Lucien Lux, geet déi Capacitéit duer, fir de järlechen Energiebedarf vun 13.800 Lëtzebuerger Stéit ze decken. De Bäitrag vun der Wandenergie bei der Stroumproduktioun ass allerdéngs wéinst hirem schwache Rendement zu Lëtzebuerg nach ëmmer onweesentlech.

Wéi deem och sief, am Kader vun der Promotioun vun erneierbaren Energië goufen och grouss Ustrengunge gemaach, fir d'Wandenergie besser auszenotzen.

Lëtzebuerg an d'Sonnenenergie[änneren | Quelltext änneren]

Bis August 2004 waren 1.811 Installatiounen, déi op der Basis vu solare Photozelle funktionéieren, am Land a Betrib. Dës Anlagen, mat enger Eenzelleeschtung tëscht 0,6 a 50 kWp, hunn am Ganzen eng installéiert Capacitéit vun 22.000 kWp. Si si mat Hëllef vu Staatsmëttele gebaut ginn an hunn hire Stroum zu engem vum Staat garantéierte Präis an d'Stroumnetz agespeist.

Lëtzebuerg an d'hydraulesch Energie[änneren | Quelltext änneren]

Déi méiglech Kapazitéite fir d'Produktioun vun hydroelektreschem Stroum zu Lëtzebuerg ginn op 125 GWh pro Joer geschat. Dovu kënnen der 97 GWh exploitéiert ginn. D'Méiglechkeete fir d'Produktioun vu Stroum duerch Waasserkraaftwierker sinn domat zu Lëtzebuerg souzesoen erschëpft. De Park vun hydroelektreschen Installatioune besteet aus 7 Zentralen. Déi wichtegst dovu sinn:

  • de Barrage vun Esch-Sauer
  • d'Kraaftwierk vu Rouspert
  • d'Muselkraaftwierker vu Palzem a Gréiwemacher
  • d'Pompelspäicherwierk vu Veianen, dat duerch d'SEO (Société électrique de l'Our) bedriwwe gëtt, produzéiert selwer kee Stroum, mä wandelt bëllegen Nuetsstroum a Spëtzestroum ëm.

Lëtzebuerg an d'Atomenergie[änneren | Quelltext änneren]

D'Atomzentral vu Kettenuewen

D'Fro, wéi Lëtzebuerg zur Atomenergie steet, huet 1974 d'Legislativwalen, déi an deem Joer stattfonnt hunn, staark beaflosst. Deemools war d'LSAP géint de Bau vun enger Atomzentral zu Rëmerschen (eenzege Standuert, dee wéinst der Killkapazitéit vun der Musel a Fro komm wier). Ausserparlementaresch Gruppen, d'Biergerinitiativ Museldall (BIM) an de CNAM (Comité national pour un moratoire), hu sech géint sou e Projet zur Wier gesat. D'DP war dofir an d'CSV wollt sech all Méiglechkeeten opstoe loossen, wat där Partei deemools bei de Walen iwwelgeholl ginn ass.

Spéider hu sech déi konsekutiv Lëtzebuerger Regierungen eendeiteg géint de Bau vun enger Atomzentral um Lëtzebuerger Territoire ausgesprach. Nëmmen d'Zentral vu Kettenuewen op der franséischer Säit vun der Musel gouf gebaut. An domat huet Lëtzebuerg d'Nodeeler vun enger Atomzentral, nëmmen e puer km vun der Lëtzebuerger Grenz ewech, a Kaf geholl an op déi méiglech Virdeeler vun der Produktioun vun Atomstroum zu Lëtzebuerg renoncéiert. D'Tatsaach ass awer a bleift datt Lëtzebuerg de meeschte Stroum aus Länner importéiert (besonnesch aus Däitschland), wou den Undeel vun der Atomenergie an der Produktioun vu Stroum erhieflech ass an domat indirekt d'Produktioun vun Atomstroum propagéiert. Doraus gouf de Gréngen an der Regierung ëmmer erëm e Strack gedréint.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]