Lëtzebuerger Guiden a Scouten

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Verbandsofzeechen

D'Lëtzebuerger Guiden a Scouten, kuerz LGS, sinn de gréisste Verband vu Guiden a Scoute vu Lëtzebuerg. Mat ongeféier 5.000 Membere sinn d'LGS och déi gréisst Jugendorganisatioun zu Lëtzebuerg. 58 lokal Gruppe gëtt et am Land.

D'LGS sinn 1994 aus dem Zesummeschloss vun den zwee kathoulesche Verbänn Lëtzebuerger Guiden a Lëtzebuerger Scouten entstanen. Haut spillt dat Kathoulescht an der Method vun den LGS keng sou grouss Roll méi.[1] Amplaz gëtt méi Wäert op déi perséinlech Entwécklung vum Jugendleche geluecht, zu deem och fir deen Eenzelnen déi perséinlech Spiritualitéit ka gehéieren.

Zu de Lëtzebuerger Guiden a Scoute gehéieren och nach folgend Organisatiounen:

D'Lëtzebuerger Guiden a Scoute sinn als eenzege Lëtzebuerger Verband Member vun der Guideweltorganisatioun WAGGGS (World Association of Girl Guides and Girl Scouts) a vun der Scoutsweltorganisatioun WOSM (World Organization of the Scout Movement). Déi aner zwéi Verbänn (FNEL an AGGL) si just Member vun enger vun dësen zwou Weltorganisatiounen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

WOSM
WAGGGS
  • 1919 huet de Verband vun de Lëtzebuerger Scouten (Fédération nationale des scouts du Luxembourg - FNSL) déi Scoutstruppen zesummegefaasst, déi deemools - deelweis schonn zanter 1913/1914 - als Sektioune vum "Verband der luxemburgischen katholischen Jugendvereine" bestanen hunn.
  • Am November 1938 gouf de Verband vun de Lëtzebuerger Guiden (Catholic Luxembourg Girl Guides) vum Mgr. Pierre Posing gegrënnt. Déi éischt Guidesektioun war d'Sektioun Notre-Dame, Lëtzebuerg-Kathedral.
  • D'Lëtzebuerger Scouten an d'Lëtzebuerger Guide waren zwee Jugendmuvementer, deenen hiert Haaptzil d'Erzéiung vun de Kanner a Jugendleche war. Allebéid hu se dobäi nom Erzéiungskonzept vum Baden-Powell geschafft. Hien huet seng Iddien a seng Method ufanks vum 20. Joerhonnert, entspriechend de gesellschaftleche Strukture vun deemools, wuel getrennt fir Jongen a Medercher formuléiert, mä all Kéier an derselwechter Zilsetzung an am selwechte Geescht.
  • Haut hunn déi gesellschaftlech Strukture geännert. Dofir hunn déi zwéi chrëschtlech orientéiert Verbänn, déi déiselwecht Ziler ustriewen, de 15. Mee 1994 decidéiert, an engem eenzege Verband ze fusionéieren.
  • Am Hierscht 2004 hunn d'Aarbechten ugefaange fir déi nei Zentral vun de Guiden a Scouten. Zanter 2007 huet d'Géisserei de Centre Convict als Zentral ofgeléist.

Struktur[änneren | Quelltext änneren]

D'Leedung vum Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten ënnerläit dem Commissaire général, dem Commissaire général adjoint an dem Aumônier général. Eng Rei Commissaire mat spezielle Charge stinn hinnen zur Säit. Si alleguer zesumme bilden de Verbandscomité.[3]

Eng Lëscht vun alle Kommissären:

  • Commissaire général
  • Commissaire général adjoint
  • Aumônier général
  • Biber-Commissaire
  • Biber-Commissaire adjoint
  • Wëllefchers-Commissaire
  • Wëllefchers-Commissaire adjoint
  • AvEx-Commissaire
  • AvEx-Commissaire adjoint
  • CaraPio-Commissaire
  • CaraPio-Commissaire adjoint
  • RaRo-Commissaire
  • RaRo-Commissaire adjoint
  • Commissaire fir Gruppen
  • Commissaire fir Gruppen adjoint
  • Programm-Commissaire
  • Formtaiouns-Commissaire
  • Formatiouns-Commissaire adjoint
  • Internationale Commissaire WAGGGS
  • Internationale Commissaire WOSM
  • Commissaire fir Public Relations
  • Commissaire fir Public Relations adjoint
  • Finanzcommissaire

Method[änneren | Quelltext änneren]

D'Method vun de Lëtzebuerger Guiden a Scoute besteet aus folgenden Haaptpunkten:

  • Léieren duerch Selwermaachen (learning by doing)
  • Andeelung an Altersgruppen (Branchen)
  • Spill an Aarbecht a klengen Equippen
  • Liewen an der Natur
  • den Asaz fir anerer
  • den Engagement, d'Matbestëmmung an d'Matverantwortung

Branchen[änneren | Quelltext änneren]

Foulard AvEx

All Grupp ass opgedeelt an déi verschidde Branchen. Dës gi vu forméierte Chef enkadréiert. Déi eenzel Branchen ënnerscheeden sech äusserlech duerch d'Faarf vun der Sträif op hirem Foulard.

Branche Faarf Alter
Biber Turquoise 6-8 Joer
Wëllef Giel 8-11 Joer
AvEx Moof 11-14 Joer
CaraPio Rout 14-17 Joer
RaRo Beige 17-23 Joer

Zousätzlech gëtt et nach Foularde mat enger wäisser Sträif, déi fir Kommissären, Aumônieren a Gruppechef geduecht sinn.

Uniform[änneren | Quelltext änneren]

LGS Uniform

Zur Uniform vun den LGS gehéieren [4]:

  • e gréngt Hiem, op dat déi verschidden Ofzeeche ("Badger") gebitzt ginn
  • e bloe Foulard mat faarwegem Bord (d'Faarf vum Bord steet fir d'Branche)
  • eng blo Box oder Jüp
  • e bronge Rimm aus Lieder mam Verbandsofzeechen aus Metall

Gruppen[änneren | Quelltext änneren]

D'LGS bestinn aus 58 méi oder wéineger grousse Gruppen, déi sech virun allem no hirer geographescher Lag andeelen.[5]

Uertschaft Numm / Schutzpatroun Internetsite
Äischen Saint Pierre http://www.aischener-scouten.eu
Bartreng Saint Exupéry http://www.lgsbartreng.lu/
Beetebuerg Abbé Pierre http://www.emmerbereet.lu/
Biekerech Mahatma Gandhi
Bieles Saint Paul http://www.lgs-bieles.lu/
Belval-Metzerlach Don Bosco
Briddel Saint Hubert
Déifferdeng Sainte Barbe http://www.lgsd.lu/
Diddeleng Saint Jean http://diddeleng.lgs.lu/
Dikrech Saint Laurent / Tony Noesen http://diekirch.lgs.lu
Duelem Saint Martin http://www.lgs.lu/duelem
Eschduerf Vum Séi, Saint Pirmin http://www.pirmin.lu
Esch-Grenz Hl Baarbel
Esch-Uelzecht Saint François
Esch-Uelzecht Saint Joseph http://www.juppe-scouten-esch.com
Ettelbréck Ermesinde (Guiden) http://ermesinde.lgs.lu/site/index.html
Ettelbréck Saint Sébastien (Scouten)
Gréiwemaacher Saint Laurent http://www.lgs.lu/grevenmacher/
Groussbus Saint Maximilien Kolbe http://www.grosbous.eu/scout/
Housen-Houschent Mère Thérèse http://www.lgs-houhou.lu/
Houwald Don Bosco http://houwald.lgs.lu/
Iechternach Saint Willibrord http://www.lgs-echternach.org/
Jonglënster Saint Martin http://sites.google.com/site/lgsjonglenster/home
Käerjeng Saint Willibrord
Käl Sainte Marie
Kënzeg Saint Remy
Klierf Saint Benoît
Leideleng Lady B.-P. http://leidelengerscouten.mysite.lu
Lëtzebuerg Foulards Blancs http://homepages.internet.lu/jlehners/fb/
Lëtzebuerg Saint Georges (Gamma)
Lëtzebuerg Pierre d'Aspelt (Gamma) http://pierre-daspelt.lgs.lu/
Lëtzebuerg Saint Alphonse (Groupe Lusophone)
Lëtzebuerg-Beggen Saint Christophe http://www.beggenerscouten.lu/
Lëtzebuerg-Belair Jang de Blannen http://belair.lgs.lu/
Lëtzebuerg-Bouneweg Saint Louis / Sainte Irmine http://bouneweg.lgs.lu/
Lëtzebuerg-Cents Hl. Franz vun Assisi http://cents.lgs.lu/
Lëtzebuerg-Gaasperech Georges Everling http://www.lgs.lu/gaasperech
Lëtzebuerg-Gare Sacré-Coeur http://letzebuerg-gare.lgs.lu/
Lëtzebuerg-Kiem Robert Schuman http://kiem.lgs.lu/
Lëtzebuerg-Lampertsbierg Immaculée http://www.thescout.eu/
Lëtzebuerg-Zéisseng Notre-Dame de la Route
Luerenzweiler Saint Laurent http://www.lgslorentzweiler.lu/
Miersch Saint Michel http://miersch.lgs.lu/
Monnerech Jules Bleser http://www.jbm.lu/
Nidderaanwen Schetzel http://www.scouten.lu/
Péiteng Hl. Franz vun Assisi http://www.lgspeiteng.com/
Réimech Saint Cunibert http://www.lgsremich.lu/
Réiserbann Saint Donat http://www.lgsroeser.lu/
Rodange-Rolleng Sainte Amalberge
Rued-Sir Saint Jacques http://lgsrued.betzdorf.lu/
Sandweiler Saint Marc http://homepage.internet.lu/lgssandweiler/
Schëffleng Abbé Poncin http://www.sgs.lu/
Stengefort Saint Hubert / Sainte Bernadette http://stengefort.lgs.lu/
Suessem Sainte Catherine http://suessem.lgs.lu/
Walfer Mahatma Gandhi http://walfer.lgs.lu
Wolz Saint Sébastien
Wuermeldeng Saint Jean Baptiste

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anne-Laure Letellier, 2008. D'Guiden a Scouten. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 345-3500. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lëtzebuerger Guiden a Scouten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]