Lëtzebuerger Konstitutioun
Déi haiteg Lëtzebuerger Konstitutioun geet zréck op d'Joer 1868.
Inhaltsverzeechnes |
D'Konstitutioun vun de Stänn vun 1841 [änneren]
D'Konstitutioun vun de Stänn vum 12. Oktober 1841 war déi éischt Lëtzebuerger Konstitutioun déi agefouert gouf, zwee Joer, nodeems datt den Traité vu London de franséischsproochegen Deel vu Lëtzebuerg als Province du Luxembourg der Belsch zougesprach huet, an ee Joer, nodeems datt de Wëllem II. Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg gi war.
D'Konstitutioun vun 1848 [änneren]
D'Konstitutioun vum 9. Juli 1848 gouf vun der Assemblée constituante vun 1848 ausgeschafft.[1]
D'Konstitutioun vun 1856 [änneren]
Nom Staatsstreech vun 1856 huet d'Konstitutioun vum 27. November 1856 déi demokratesch Tendenzen aus där vun 1848 ofgeschaf.
D'Konstitutioun vun 1868 [änneren]
D'Konstitutioun vum 17. Oktober 1868 ass déi Konstitutioun, déi och haut nach (wann och eng eelef Kéiere geännert), gëllt. Déi lescht Ännerung ass vum 12. Mäerz 2009.[2] Weider Ännerungvirschléi waren 2004-2009 vun der Commission des Institutions et de la Révision constitutionnelle ausgeschafft an den 21. Abrëll 2009 vum Paul-Henri Meyers, hirem President, virgeluecht ginn. Iwwert si soll d'Chamber ofstëmmen, déi aus de Wale vum 7. Juni 2009 ervirgaangen ass.
D'Konstitutioun selwer schreift an hirem Artikel 114 vir, wéi se geännert ka ginn: D'Chamber, déi dëst wëlles huet, muss zweemol iwwer deeselwechten Text ofstëmmen an engem Interval vun dräi Méint. Dofir mussen op d'mannst zwee Drëttel fir d'Ännerunge stëmmen.
Par rapport zum System vu virun 2004, no deem d'Chamber déi eng Konstitutiounsännerung wëlles hat als éischt declaréieren huet misse wat fir Artikele geännert solle ginn, sech dann opzeléisen hat (a sief et och just wa souwisou geschwë Walen ustoungen), an nëmmen déi nei gewielte Chamber iwwert déi vun hirer Virgängerin bestëmmten Artikele mat enger zwee Drëttel Majoritéit fir Ännerunge stëmmen konnt, ass deen neie System esou "liicht", datt d'Konstitutioun bal op den Niveau vum engem einfache Gesetz gefall ass.
Opbau [änneren]
Déi haiteg Konstitutioun besteet aus 120 Artikelen, déi an 11 Kapitelen agedeelt sinn. Si beschreift, wat d'Land ausmécht, wat de Bierger hir Rechter a Fräiheeten sinn, a wéi d'Muecht am Staat verdeelt ass.
Déi eenzel Kapitelen hunn dës Themen:
Kapitel I:
- Iwwert den Territoire an de Groussherzog
Kapitel II:
- Iwwert d'Lëtzebuerger an hir Rechter
Kapitel III:
- Iwwert d'souverän Muecht
Kapitel IV:
- Iwwert d'Chamber vun den Deputéierten
Kapitel V:
- Iwwert d'Regierung vum Grand-Duché
Kapitel V bis:
- Konstitutiounsännerung vun 1989 iwwer d'Bestëmmung vum Staatsrot
Kapitel VI:
- Iwwert d'Justiz
Kapitel VII:
- Iwwert d'ëffentlech Muecht
Kapitel VIII:
- Iwwert d'Finanzen
Kapitel IX :
- Iwwert d'Gemengen
Kapitel X an XI :
- Allgemeng Bestëmmungen
Referenzen [änneren]
- ↑ Kuck: Bumb, Christoph, 2011. Verfassungsgeschichte: Das liberal-parlamentarische Experiment von 1848 in Luxemburg. Lëtzebuerger Journal 2011, Nr. 214 (5./6.) November, S. 5. [1]
- ↑ Loi du 12 mars 2009 portant révision de l’article 34 de la Constitution. Mémorial A N° 43 vom 12. Mäerz 2009, S. 586