Lëtzebuerger Ofkommes
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Lëtzebuerger Ofkommes - net ze verwiessele mam Traité vu Lëtzebuerg - ass e Vertrag, deen den 10. September 1952 zu Lëtzebuerg am Festsall vun der Stater Gemeng tëschent der Bundesrepublik Däitschland engersäits an Israel an der Jewish Claims Conference anerersäits ënnerschriwwe gouf.
Dëse Vertrag ass den éischten internationale Vertrag, mat deem d'Bundesrepublik Däitschland d'Verantwortung fir de Vëlkermuerd un den europäesche Judden duerch dat nationalsozialistescht Däitschtland iwwerholl huet. No laangen, schwieregen an deels geheimen diplomatesche Verhandlungen gouf d'Ofkommes vum Bundeskanzler Konrad Adenauer (als amtéierenden Ausseminister) an dem israeleschen Ausseminister Moshe Scharett ënnerschriwwen.
Um Spaweck [änneren]