Lëtzebuerger Online Dictionnaire

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Lëtzebuerger Online Dictionnaire, kuerz LOD, ass e méisproochegen Online-Dictionnaire, an deem lëtzebuergesch Wierder ufanks mat der däitscher, franséischer a portugisescher Iwwersetzung, méi spéit och der englescher, stinn.

De Projet Lëtzebuerger Online Dictionnaire gëtt vun enger Aarbechtsgrupp ausgeschafft, déi vum Kulturministère agesat gouf. Si besteet aus sechs Leit mat enger voller Tâche, sou wéi och zéng Experten, déi sech Aarbechten ewéi Redactioun a Relecture a fënnef Sproochen deelen.

De 5. Februar 2007 ass en online gaange mat de Wierder vun "A" bis "Awunnerzuel". D'Wierder mat den Ufanksbuchstawen B bis Z, vun deenen der am Ufank och schonn e puer drastoungen, ginn no an no dobäigesat. Esou war Mëtt Mee 2009 de Buchschtaf H fäerdeg, Enn 2009 waren d'Aarbechte bis bei de Lemma "Jux" komm, an am Juni 2010 war e bis bei de Buschtaf L komm.

Enn November 2010 waren d'Wierder bis de Buschtaf "N" nach mat online.[1] Siwe Méint duerno, am Juni 2011, geet et scho bis Otem.

2008 war virgesinn, datt Enn 2011 dee ganzen Dictionnaire mat 24.000 Lemmata fäerdeg redigéiert soll sinn.[2]

All Artikel huet Beispillsätz aus engem lëtzebuergeschen Textkorpus, an et kann ee lauschteren, wéi d'Wuert ausgeschwat gëtt: bei Substantiven an der Een- an an der Méizuel; bei Verben am Infinitiv an am Perfekt. Fir all Verben an Adjektiver kann ee sech ausserdeem déi komplett Konjugatiouns- (~ 1.800), resp. Deklinatiounstabellen (~ 600) uweise loossen.

E Link erméiglecht et, Commentairen zu all eenzelne Lemma ze schécken.

D'Software ass esou ugeluecht, datt méi spéit nach aner Iwwersetzunge mat agebaut kënne ginn.

Inhaltsverzeechnes

[änneren] Fir ze liesen

  • Diderich, T.: "Wo 'Kéiseker' und 'Ijhel' sich gute Nacht sagen müssen. Ein Beitrag zur inhaltlichen Diskussion über das neu zu gestaltende Wörterbuch des Lëtzebuergeschen", In: d'Letzeburger Land 13 (2 IV 93) 10-11.
  • Reisdoerfer, J., "'Een neie lëtzebuergeschen Dixionär', Prolegomena zu einem Wörterbuch der luxemburgischen Sprache", In: Die Warte 47. Jhg. Nr. 4/686 & 5/687.

[änneren] Kuckt och

[änneren] Um Spaweck

[änneren] Referenzen

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht