Lëtzebuerger Pavillon maritime

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann der Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Pavillon vun de Schëffer, déi zu Lëtzebuerg enregistréiert sinn
De Star Clipper, e Véiermaster, deen zu Lëtzebuerg enregisréiert ass, virun Portofino an Italien

Inhaltsverzeechnes

Geschicht [änneren]

De Lëtzebuerger Pavillon de la batellerie et de l'aviation gouf 1972 duerch d'Gesetz vum 23 Juni geschaf. Dëst Gesetz ass duerch Gesetz vum 27 Juli 1993 verännert a completéiert ginn.

Duerch d'Gesetz vum 9. November 1990 gouf de Regëster geschaf an deem all d'Schëffer, déi ënnert dem Lëtzebuerger Pavillon fueren, agedroen ginn.

Dëse Regëster ass duerch d'Gesetz vum 23. September 1997 op d' bâteaux de plaisance ausgedeent ginn.

Wat ass e Pavillon maritime [änneren]

E Pavillon maritime ass de nationale Fändel vum Land an deem e Schëff enregistréiert ass, an deen dat Schëff obligatoresch um Mast aushänke muss. Un d'Gesetzer vun deem Land mussen d'Schëffsbesëtzer sech an deem Fall och halen. Meeschtens war dat an der Vergangenheet dat Land an deem e Reeder oder eng Reederei usesseg waren. Aus enger Rei vu Grënn ass dat haut net méi de Fall. Vill Schëffer navigéieren haut nämlech ënnert engem frieme Pavillon.

Firwat ee Pavillon maritime zu Lëtzebuerg geschaf gouf [änneren]

Lëtzebuerg ass net dat eenzegt Land, dat ouni Zougang zum Mier friem Schëffer registréiert. Och d'Schwäiz huet hiren eegene Pavillon. A Länner wéi Frankräich sinn derzou iwwergang fir friem Schëffer an engem neigeschafenen internationale Register anzedroen a fir duerch erliichtert Conditiounen d'Konkurrenzfähegkeet vun de Schëffer, déi ënnert hirem internationale Pavillon fueren, ze verbesseren.

Kennzeeche vum Lëtzebuerger Regëster [änneren]

D'Lëtzebuerger Flott [änneren]

De 5. Dezember 2007 waren no Donnéeë vum lëtzebuergesche Commissariat aux Affaires maritimes 149 Schëffer mat engem totalen Tonnage vun 836.791 Tonnen zu Lëtzebuerg enregistréiert.

  • Dovu:
    • 30 Schëffer iwwer 10.000 Tonnen
    • 3 Segelschëffer fir Croisière-Passagéier, Royal Clipper, Star Clipper a Star Flyer
    • ronn 65 kleng Yachten (Fräizäitschëffer) ënnert 500 Tonnen
    • 19 Tankschëffer

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]