Lëtzebuerger Tuerm (Tréier)

Vu Wikipedia
Lëtzebuerger Tuerm

De Lëtzebuerger Tuerm (och nach Turm der Träume und Sehnsüchte genannt) zu Tréier steet um Petrisberg um Terrain vun der Landesgartenschau 2004.

Gebaut gouf den Tuerm op Optrag vun der Stad Lëtzebuerg vum renomméierte Lëtzebuerger Architekt François Valentiny an ass e Kado am Kader vun der Landesgartenschau un hir Noopeschstad Tréier gewiescht.

"Haifëschfloss"

Déi begobar raschtegrout schréi Skulptur aus Stol steet op engem fënnef Meter héijen, kënschtlech ugeluechtem Kiselbett an erënnert un eng gewalteg a gezackten Haifëschfloss, déi aus dem Waasser steet. Déi dräistäckeg Stolkonstruktioun mat hiren 20 Meter Héicht a 25 Meter Breet brécht a verschidden Himmelsrichtungen an déngt als Aussiichtstuerm. Op de Siichtachse sinn d'Nimm vun den europäesche Stied Paräis, Lissabon, Belfast, Warschau an Athen vermierkt a sollen zum Dreemen alueden. Vun der ieweschter Plattform aus, kuckt de Visiteur vun engem säitlech zouenem Raum a Richtung Stad Lëtzebuerg.

Lëtzebuerger Tuerm vun der Säit

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Turm Luxemburg (Trier) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Turm Luxemburg