Lëtzebuergesch Luftwaffenhelfer

Vu Wikipedia
Flakstellung mat 3,7-cm-Flak 37 zu Esch-Uelzecht virun der Schmelz Terres-Rouges
Lëtzebuerger Luftwaffenhelfer beim Riichte vun der 3,7cm-Flak
Op Wuecht bei de Kanounen

D'Lëtzebuergesch Luftwaffenhelfer waren d'Studenten aus de Lëtzebuerger Kolléischen, déi zwangsméisseg am Zweete Weltkrich, nieft der Schoulzäit, zesumme mat däitschen Zaldoten, hiren Déngscht bei der sougenannter Heimat-Flak hu misse maachen. Opgrond vun Uweisunge vu Berlin huet am August 1943 de Gauleiter Gustav Simon d'Anordnung über den Kriegshilfseinsatz der deutschen Jugend in der Luftwaffe um Territoire vu Lëtzebuerg ëmgesat an d'Schüler aus de Lëtzebuerger Kolléischen a Lycéeën vun de Joergäng 1925-27, déi nach net op Troisième waren, hu missen als Luftwaffenhelfer Krichsdéngscht zu Lëtzebuerg bei der Flak maachen. Met deem Dekret, dat scho vu Januar 43 un, soss am ganze Räichsgebitt gegollt huet, konnten iwwer 100.000 Flakzaldoten ofgeléist ginn, fir déi haaptsächlech op der Ostfront, wou déi 6. Arméi a grousse Schwieregkeete war, kënnen anzesetzen[1].

Artillerietruppe vun der Flak um Terrtoire vu Lëtzebuerg gouf et nëmmen am Süde vum Land. Se ware geduecht fir d'Produktiounsplaze vun der Stolindustrie zu Déifferdeng, um Belval an zu Schëffleng ze beschützen. Dat waren 3 Flakbatterien (2 cm an 3,7 cm-Geschëtzer) déi follgengermoossen opgedeelt waren:

  • 1. Batterie mat zwielef 3,7 cm Flak, um Belval, zu Bieles an Terre-Rouge
  • 2. Batterie mat zwielef 2-cm-Flak, Schëffleng, Lalleng
  • 3. Batterie mat sechs 2-cm-Flak, zu Déifferdeng
  • Derbai koumen nach zéng 60 cm-Flakscheinwerfer.

Déi éischt 135 Schüler goufen de 14. Oktober 1943 agezunn an an de Süde vum Land bruecht. Doropshi gouf et an der Oberschule Limpertsberg e Schoulstreik, deen dunn enger Partie Schüler en Openthalt am Erzéiungslager op der Buerg Stahleck abruecht hat. Hiren Dagespensum war sou gereegelt, datt si moies an den Escher Lycée an d'Schoul gaange sinn a mëttes fir den Déngscht bei den agebunkerte Kanounen a Scheinwerfer erugezu goufen. Deelweis goufen och Professeren aus de verschiddene Kolléischen zu dësem Zweck op Esch versat. Net all Lëtzebuerger Luftwaffenhelfer si bis zur Liberatioun zu Lëtzebuerg bei der Flak bleiwen. Eng Partie vun hinnen, vun de Joergäng 1925/1926, goufen am Summer 1944 an den RAD agezunn an an de Warthegau an d'Aarbechtslageren transportéiert wou se hu missen hëllefen den Ostwall auszebauen an duerno am November an d'Wehrmacht agezu goufen. Vill vun deene koumen net méi zeréck.

Wéi Ufanks September 1944 d'Fronte méi no komm sinn an et geheescht huet d'Flakunitéite sollte sech no Däitschland ofsetzen, ass de Rescht vun de Lëtzebuerger Luftwaffenhelfer ugeblockt. Dat hu s'och alleguer fäerdegbruecht, obschonn de staark gefaarte Läitnant Dietrich von Bargen, Maschinnegewierer opgestallt hat, fir dat ze verhënneren.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Heiderscheid, André: Zwangsrekrutiert. Das deutsche Verbrechen an der Luxemburger Jugend.Ein Buch wider das Vergessen. St. Paulus-Verlag, Luxemburg, 2000. 223 Seiten, ISBN 2-87963-344-3
  • Heiderscheid, André: Der Zweite Weltkrieg; 1944-1945, in Wort und Bild, Luxembourg, 2005, Imprimerie Saint-Paul
  • Staar, Marcel: Waffenträger wider Willen, Luxembourg, 1987,Imprimerie Saint-Paul
  • Koch, Horst Adalbert: Flak. Die Geschichte der deutschen Flakartillerie und der Einsatz der Luftwaffenhelfer, Bad Nauheim 1965
  • Schätz, Ludwig: Schüler-Soldaten: Die Geschichte d. Luftwaffenhelfer im Zweiten Weltkrieg, Frankfurt/M.: Thesen Verl., 1972
  • Nicolaisen, Hans-Dietrich: Die Flakhelfer: Luftwaffenhelfer u. Marinehelfer im Zweiten Weltkrieg,Berlin [u.a.] Ullstein, 1981

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal WWII – Artikelen op der Wikipedia iwwer den Zweete Weltkrich.
  1. Heiderscheid André an der Literatur