Lëtzebuergesch-Russesch Relatiounen
Mat Lëtzebuergesch-Russesch Relatioune ginn déi bilateral diplomatesch Relatiounen tëscht Lëtzebuerg a Russland bezeechent.
Lëtzebuerg huet eng Ambassade zu Moskau an Honorarkonsulater zu Sankt Péitersbuerg, Jekaterinbuerg, Magnitogorsk an Tscherepowez [1][2]. Russland huet eng Ambassade an der Stad Lëtzebuerg.
An der Geschicht vun de bilaterale Relatioune war et de Wladimir Putin deen de 24. Mee 2007 als éischte russesche President op offiziell Staatsvisit op Lëtzebuerg komm ass. Well den Handel tëscht deenen zwee Länner sech méi wéi verdräifacht huet vu 66,6 Milliounen US Dollar 2003 op 228,3 Milliounen US Dollar 2006[3], war d'Zäit komm fir nach méi no beineneen ze réckelen, haaptsächech am Energie- an am Finanzsektor[4].
[änneren] Russesch Gaaschtaarbechter zu Lëtzebuerg
Wéi 1926 an der lëtzebuergescher Stolindustrie Aarbechtskräfte gefeelt hunn, huet déi lëtzebuergesch Regierung ënnert anerem och Bulgarien proposéiert fir Intresséierter an d'Minettesgrouwen ze schécken - a Bulgarien waren zu där Zäit vill emigréiert russesch Wäissgardisten, vun deenen eng honnert Famille vu meeschtens fréieren Offizéier deem Opruff nokomm si fir Minette ze briechen an ze schmëlzen[5].
Keng "Gäscht", mee zur Aarbecht gezwonge waren déi Leit, déi an der Zäit vun der Nazi-Okkupatioun als sougenannt Ostarbeiter tëscht 1942 an 1944 an de Schmelzen a Grouwen hu misse schaffen. Vill vun hinne waren aus de vun den Nazië besaten Deeler vun der deemoleger Sowjetunioun. E puer vun hinne hu sech nom Krich zu Lëtzebuerg bestuet a sinn do bliwwen.[6]
Zënter 1982 huet de Groussherzogtum eng russesch-orthodox Kierch.
Den 1. Februar 2011 waren 1.006 Russen zu Lëtzebuerg registréiert[7].
| Commons: Biller vum Putin senger Staatsvisite – Biller, Videoen oder Audiodateien |
[änneren] Um Spaweck
[änneren] Referenzen
- ↑ Lëtzebuerger Ambassade a Russland - D'lëtzebuergesch Honorarkonsulater a Russland
- ↑ Lëtzebuerger Ausseministère - Lëscht vun de Konsulatsvetriedunge vum September 2011
- ↑ RIA Novosti vum 24. Mee 2007
- ↑ Revue 22 vum 2. Juni 2007
- ↑ D'Liewe vum Sergei Puch
- ↑ Fernando Ricardo Baptista Barra: "Les 'Ostarbeiter' dans la sidérurgie luxembourgeoise (1942-1945)." In: Terres rouges. Histoire de la sidérurgie luxembourgeoise, tome 1. Collection dirigée par Charles Barthel et Josée Kirps. Luxembourg: Centre d'études et de recherche européennes Robert Schuman, Ministère d'État, Archives nationales du Luxembourg, Ministère de la culture, de l'enseignement et de la recherche, 2009, S.16-70.
- ↑ Repertoire vun de physesche Persounen