Lëtzebuergesch Dictionnairen

Vu Wikipedia
Deen éischte lëtzebuergeschen Dictionnaire

Déi éischt Lëtzebuerger Dictionnairë ware Sammlunge vu Lëtzebuergesche Wierder, déi op Däitsch (oder Franséisch) iwwersat an erkläert goufen.

Den Ufank: Lexicon der Luxemburger Umgangssprache[änneren | Quelltext änneren]

Deen éischten Dictionnaire vum Lëtzebuergesche war de Lexicon der Luxemburger Umgangssprache vun 1847 deen de Jean-François Gangler zesummegestallt hat.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lexicon der Luxemburger Umgangssprache.

Dictionnaireskommissiounen[änneren | Quelltext änneren]

Den 19. Februar 1897 huet d'Chamber e Gesetz gestëmmt, datt eng Dictionnaireskommissioun an d'Liewe geruff huet behufs Sammlung und Aufzeichnung unseres nationalen Sprachschatzes. D'Aarbechte vun dëser Kommissioun, déi ufanks aus 7, duerno aus 10 Membere bestanen huet, hu sech 1906 am Wörterbuch der luxemburgischen Mundart konkreetiséiert. Dësen huet a sengem Virwuert ugekënnegt, e méi groussen, vollstännegen, sollt nokommen (wat awer net de Fall war).

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Wörterbuch der luxemburgischen Mundart.

1935 gouf eng nei Dictionnaireskommissioun ernannt, déi am Kader vun der Sproochesektioun vum Institut grand-ducal geschafft huet. 1948, no der Ënnerbriechung duerch d'Krichsjoren, gouf se nei ernannt an huet hir Aarbecht nees opgeholl. 1950 konnt si den éischte Fascicule vum bis ewell gréissten Dictionnaire vum Lëtzebuergeschen, dem Luxemburger Wörterbuch virleeën. Dëse koum tëscht 1950 an 1975 a véier Bänn, mat engem Ergänzungsband 1977, eraus. E gouf 1995 als Nodrock an 2 Bänn ënner dem Numm Lëtzebuerger Dixionär nei opgeluecht, gouf awer 1997 aus dem Verkaf gezunn, nodeem ë. a. déi onkritesch Sammlung vun antisemittesche Spréchelcher ënner dem Lemma Judd staark kritiséiert gi war. En däerf awer nach fir wëssenschaftlech Zwecker bestallt ginn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Luxemburger Wörterbuch.

Conseil permanent de la langue luxembourgeoise[änneren | Quelltext änneren]

Nodeem eng nei Dictionnaireskommissioun, déi uganks den 1990er Joren op d'Bee gesat gi war, am Sträit ausernee gaange war, ier se iwwerhaapt hätt kënnen ufänke mat schaffen, gouf 1998 de Conseil permanent de la langue luxembourgeoise gegrënnt, deen ë. a. och domat chargéiert gouf, un engem neien Dictionnaire ze schaffen. D'Basis sollt e Lëtzebuerger Handwierderbuch sinn, dat da spéider verdéift soll ginn.

Fir d'éischt war rieds gaangen, et sollt parallel un zwee verschiddene Wierker geschafft ginn; eent an engem Band, eng Zort "Volleksdictionnaire", an e "wëssenschaftlechen" ouni Récksiicht op de Verkafspräis an de Volume. Déi Iddi schéngt awer opgi gewiescht ze sinn; well vun 2007 u gouf de véier-, duerno fënnefsproochegen, ‎Lëtzebuerger Online Dictionnaire no an no, der alphabetescher Reiefolleg vun de lëtzebuergesche Lemmaen no, online publizéiert.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëtzebuerger Online Dictionnaire.

Dictionnairen, déi vun anere Sproochen an d'Lëtzebuergescht iwwersetzen[änneren | Quelltext änneren]

An den 1970er Jore sinn déi éischt Dictionnairen an d'Lëtzebuergescht, vum Däitschen, du vum Franséischen, op de Maart komm. Méi spéit koumen, meescht zweesproocheg, Portugisesch-, Englesch-, Hollännesch-, Italieenesch-, Ongresch, Rumänesch-, Russesch-, Arabesch-, Farsi- an Tigrigna-Lëtzebuergesch Dictionnairen dobäi. E puer si vun etabléierte Verlagshaiser erausginn, déi meescht awer op Eegeninitiativ vun hiren Auteuren, zum Deel am Eegeverlag.

Si sinn an der Lëscht hei ënnendrënner opgezielt.

Lëscht vun Dictionnairen[änneren | Quelltext änneren]

Auteur Joer Sproochen Dictionnaire Weider Info
Gangler, Jean François 1847 lb-de/fr Lexicon der Luxemburger Umgangssprache, wie sie in und um Luxemburg gesprochen wird, mit hochdeutscher und französischer Übersetzung und Erklärung Lëtzebuerg. [1]
Arendt, Jean-Venceslas-Charles, Laurent Menager & Nicolas Steffen-Pierret 1906 lb-de Wörterbuch der luxemburgischen Mundart Lëtzebuerg. [2]
Wörterbuchkommission 1950-1977 lb-de (fr, la) Luxemburger Wörterbuch, 22 Fasciculen oder 5 Bänn Lëtzebuerg. Nodrock 1995. [3]
Rinnen, Henri & Will Reuland 1973 de-lb Kleines Deutsch-Luxemburgisches Wörterbuch Lëtzebuerg
Rinnen, Henri & Will Reuland 1980 fr-lb Petit dictionnaire français-luxembourgeois Luxembourg
Christophory, Jul (éd.) 1980 pt-lb
lb-pt
Portugiesesch-Lëtzebuergeschen Dictionnaire portugais-luxembourgeois / Dicionário português-luxemburgês Lëtzebuerg, Lycée Michel-Rodange, Neioplo 2003
Rinnen, Henri 1988 fr-lb Dictionnaire français-luxembourgeois Lëtzebuerg
Zimmer, Jacqui 1993 lb-fr-de-en-es-pt-it 6000 Wierder op Lëtzebuergesch Och op CD
Christophory, Jul (éd.) 1996 en-lb English-Luxembourgish dictionnary Esch-Uelzecht
Van Dijk, Theo 1998 lb-nl Dictionnaire Lëtzebuergesch-Hollännesch CLAE, Lëtzebuerg
Kroemmer, M.-Th. 2000 lb Mosaik-Steng: Wierderbuch mat lëtzebuergeschen Ausdréck, fir e Schrack an eis Sprooch ze maachen Eis Sprooch, Extraserie Nr. 21, Lëtzebuerg. 95 S.
Pantea-Keintzel, Cornelia 2001 lb-hu
hu-lb
Wierderbuch Lëtzebuergesch-Ungaresch / Magyar-Luxemburgi Szótár Lëtzebuerg
Pantea-Keintzel, Cornelia 2002 lb-ro
ro-lb
Wierderbuch Lëtzebuergesch-Rumänesch Bukarest
Caldognetto, Maria-Luisa & Jos Boggiani 2003 lb-it Lëtzebuergesch-italieeneschen Dictionnaire CLAE, Lëtzebuerg
Dermann-Loutsch, Liette 2003 de-lb Deutsch-luxemburgisches Wörterbuch Éditions St.-Paul, Lëtzebuerg
Lulling, Jérôme & François Schanen 2004 lb-fr Luxdico.com - Dictionnaire bilingue Lëtzebuergesch > Franséisch Éditions Schortgen, Esch-Uelzecht. [2. Oplo 2005; 3. Oplo 2009; 2010 als App fir iPhone an iPod]
Dermann-Loutsch, Liette 2006 fr-lb Dictionnaire français-luxembourgeois Éditions St.-Paul, Lëtzebuerg
Dupont, Jackie & Geisen, Patty 2008 lb-fr-de-en-pt Basic Lëtzebuergesch: Basiswuertschatz: 1500 Wierder fir den Alldag thematesch opgebaut Bertrange, Rapidpress. 62 S.
Welschbillig, Myriam, François Schanen & Jérôme Lulling 2008 lb-de / de-lb Luxdico Deutsch: Luxemburgisch < > Deutsches Wörterbuch Éd. Schortgen, Luxemburg. [4]
Chechulina, Irina 2009 lb-ru
ru-lb
Dictionnaire Lëtzebuergesch - Russesch / Russesch - Lëtzebuergesch Lëtzebuerg, ISBN 978-2-87996-599-4
Schanen, François; Lulling, Jérôme 2012 lb-en / en-lb Luxdico: Lëtzebuergesch>Englesch, English>Luxembourgish Lëtzebuerg:Éditions Schortgen, ISBN 978-2-87953-147-2
Hbari, Ghassen; Koenig, Siggy; Steinmetzer, Jeanne 2016 ar-fr-lb / fr-ar-lb MA’AN ENSEMBLE ZESUMMEN: Dictionnaire élémentaire
Franséisch, Arabesch, Lëtzebuergesch /
Arabesch, Franséisch, Lëtzebuergesch
Lëtzebuerg: ISBN 978-99959-1-066-2 dictionnaire-fr-arabe-lux
Gharai, Shahmira; Koenig, Siggy; Steinmetzer, Jeanne 2017 farsi/dari-fr-lb / fr-farsi/dari-lb BÂ’HAM ENSEMBLE ZESUMMEN: Dictionnaire élémentaire
Franséisch, Farsi/Dari, Lëtzebuergesch /
Farsi/Dari, Franséisch, Lëtzebuergesch
Lëtzebuerg: ISBN 978-99959-1-076-1 Le Dictionnaire élémentaire français - farsi/dari - luxembourgeois
ASTI asbl 2019 fr-tigrigna-lb ሓቢርና ENSEMBLE ZESUMMEN : Dictionnaire élémentaire
Français - Tigrigna - Luxembourgeois
Lëtzebuerg: Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse / ASTI, 2019. ISBN : 978-99959-1-245-1. Online

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Diderich, T.: Wo 'Kéiseker' und 'Ijhel' sich gute Nacht sagen müssen. Ein Beitrag zur inhaltlichen Diskussion über das neu zu gestaltende Wörterbuch des Lëtzebuergeschen, In: d'Lëtzebuerger Land 13 (2 IV 93) 10-11.
  • Reisdoerfer, J., 'Een neie lëtzebuergeschen Dixionär', Prolegomena zu einem Wörterbuch der luxemburgischen Sprache, In: Die Warte 47. Jhg. Nr. 4/686 & 5/687.
  • Kühn, P., Lexikographie des Luxemburgischen. Plädoyer für eine kultursensitive Wörterbuchschreibung. In: Aufbrüche und Vermittlungen. Beiträge zur Luxemburger und europäischen Literatur- und Kulturgeschichte. Hrsg. v. Claude D. Conter u. Nicole Sahl. Bielefeld: Aisthesis 2010, 243-266.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]