Lëtzebuergesch Presidentschaft vum EU-Conseil 2015

Vu Wikipedia
Logo vun der lëtzebuergescher Presidentschaft vum EU-Conseil 2015

Dlëtzebuergesch Presidentschaft behandelt de Virsëtz vu Lëtzebuerg am Conseil vun de Ministeren vun der Europäescher Unioun fir déi zweet Joreshalschent 2015 (1. Juli bis 31. Dezember). Domat gëtt den Trio vun der Presidentschaft vum EU-Conseil mat de Länner Italien, Lettland a Lëtzebuerg virugefouert. Et ass déi zwieleft lëtzebuergesch Presidentschaft vum Conseil vun der EU no 1960, 1963, 1966, 1969, 1972, 1976, 1980, 1985, 1991, 1997 an 2005. De Virsëtz vun der lëtzebuergescher Presidentschaft huet de Jean Asselborn.

Prioritéite vun der lëtzebuergescher Presidentschaft vum EU-Conseil[änneren | Quelltext änneren]

D'Prioritéite vun der lëtzebuergescher Presidentschaft vum EU-Conseil 2015 bauen op dem Trioprogramm[1] vun der Presidentschaft vum EU-Conseil duerch Italien - Lettland - Lëtzebuerg op. Wichtegst Ziler sinn dësem Trioprogramm no zum Beispill:

  • vollstänneg Iwwerwanne vun der Wirtschaftskris,
  • Wuesstem vum Aarbechtsmaart a Sozialschutz an d'Virbereedung fir den demographesche Wandel och am Gesondheetsberäich,
  • Ofbau vun Hënnernesser fir Entreprisen am Bannemaart,
  • Verbesserung vun de Méiglechkeete vun der digitaler Wirtschaft,
  • Stäerkung a Verbesserung vum Raum fir d'Fräiheet, d'Sécherheet an d'Recht,
  • Stäerkung a Verbesserung vun de bilateralen Handelsrelatiounen, virun allem mat den USA, Kanada a Japan duerch oppenen a fairen Handel a strateegesch Partnerschaften,
  • Stäerkung vun der Ëmweltpolitik (Klima- an Energiepolitik och iwwer d'Joer 2020 eraus, verbessert Loftqualitéit a Verbuet vu Plastikstuten) an Abezéie vun der ekologescher Nohaltegkeet an de weidere wirtschaftspolitesche Steierungszyklus vun der Unioun,
  • Reduktioun vun der Ofhängegkeet vun importéierter Energie (duerch méi eng héich Effizienz a méi eng grouss Produktioun vu propperer Energie),
  • Verkéiersinfrastruktur (z. B. méi ëmweltfrëndlech a wirtschaftlech Transportinfrastruktur),
  • nohalteg, innovativ an ëmweltfrëndlech Entwécklung vun der Landwirtschaft, Liewensmëttelproduktioun a Fëscherei,
  • Beliewung vun der Erweiderungspolitik vun der Europäescher Unioun als e grondleeënd Instrument fir de Fridden, d'Demokratie an d'Sécherheet an Europa duerch Fortschrëtter bei de Bäitrëttsverhandlunge mat de Länner vum westleche Balkan an d'Neibeliewung vum lafende Verhandlungsprozess mat der Tierkei.

Am Hibléck op déi personell, wirtschaftlech a raimlech Kapazitéite vu Lëtzebuerg gëtt eng schlank Presidentschaft mat ugepasste Käschten ugestrieft.[2]

[änneren | Quelltext änneren]

De Logo, dee fir d'lëtzebuergesch Presidentschaft vum EU-Conseil gebraucht gëtt, gouf ursprénglech fir d'Fërderung vum Standuert Lëtzebuerg entwéckelt an un d'Presidentschaft vum Conseil adaptéiert. D'Zil vun den Adaptatioune war et, „d'Land Lëtzebuerg an den Zentrum vun dëser EU-Presidence ze stellen“. De Logo gëtt op franséisch, däitsch an englesch benotzt. Am Logo ginn nëmme Buschtawe gebraucht, keng Zuelen (och keng Joreszuel) an als eenzegt graphescht Element e liicht queeschgestallte Quadrat.

Deen Deel vum Numm, deen op d'Staatsform hiweist (Groussherzogtum), ass a grousse, schwaarze Buschtawe geschriwwen (Majuskelen). Dat soll „eng Form vun der Eegebehaaptung“ sinn. Deen Deel vum Numm, deen op déi territorial Dimensioun hiweist (Lëtzebuerg), ass mat klenge Buschtawen an de Faarwe vum lëtzebuergesche Fändel geschriwwen.

Virun de wäisse Buschtawen lu op roudem Fong ass e bloe Punkt. Domat wëll ee sech gläichzäiteg op de Lännerkierzel bei Internetadressen an op d'Portal www.luxembourg.lu bezéien. De Schrëftzuch Presidentschaft vum Conseil vun der Europäescher Unioun ass lénks nieft dem Logo an enger neutraler groer Faarf geschriwwen.[3]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lëtzebuergesch Presidentschaft vum EU-Conseil 2015 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Dok: 10948/14 - POLGEN 97 vum 16. Juni 2014 (däitsch Iwwersetzung vum éisträichesche Parlament).
  2. Europa calling.
  3. Vgl. E-Mail Matdeelung vun der Regierung vu Lëtzebuerg, Ministère des Affaires étrangères et européennes, Direction des relations économiques internationales et des affaires européennes, Luxembourg, vum 7. Mee 2015 an Asurnipal