Lúcio Costa

Vu Wikipedia
Lúcio Costa
Gebuer 27. Februar 1902
Toulon
Gestuerwen 13. Juni 1998
Rio de Janeiro
Nationalitéit Brasilien, Frankräich
Aktivitéit Architekt, Urbanist

De Lúcio Costa, gebuer de 27. Februar 1902 zu Toulon a gestuerwen den 13. Juni 1998 zu Rio de Janeiro, war e brasilianeschen Architekt an Urbanist. Hie gouf weltbekannt well hien de Stadplang vu Brasília entworf hat.

Wéinst sengem Papp, deen Admirol war, ass de Lúcio Costa a verschiddene Länner opgewuess an ass a verschidde Schoule gaangen.[1] 1917 koum en a Brasilen an huet do Architektur op der Escola Nacional de Belas Artes studéiert. Eng Zäit laang war de Costa vum Corbusier sengem neo-klassesche Stil beaflosst.

1938 huet hien zesumme mat sengem fréiere Schüler Oscar Niemeyer de brasilianesche Pavillon vun der Weltausstellung zu New York entworf.

1957 huet d'Regierung vum President Juscelino Kubitschek e Concours fir déi nei Haaptstad Brasília ausgeschriwwen. Dem Costa säin urbanistescht Konzept, dat op zwou Achse baséiert, an dat d'Quartiere vun der Stad streng no hirer Funktioun getrennt huet, gouf zeréckbehalen.

Hie gouf duerno dacks ëm Rot gefrot, wann et drëm goung, Stied ze plangen.

De Lucio Costa ass am Alter vu 96 Joer zu Rio de Janeiro gestuerwen.

Dem Costa säin Entworf (Plano piloto) vu Brasília (1956).

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Com a palavra, Lúcio Costa Lúcio Costa, Maria Elisa Costa 2000 Page 161 - "LÚCIO COSTA (1902-1998) o percurso Anos 10 Nascido em Toulon, França, em 27 de fevereiro de 1902, filho do engenheiro naval Joaquim Ribeiro da Costa, natural de Salvador, Bahia, e de Alina Ferreira da Costa, natural de Manaus,.."