Lüstersall an der Kanalisatioun vu Köln

Vu Wikipedia

De Lüstersall (op Däitsch: Kronleuchtersaal) ass e Raum an der Kanalisatioun vun der Stad Köln, deen 1890 wéinst enger Invitatioun un de Keeser Wilhelm II. vun Däitschland mat zwéi Lüsteren dekoréiert gouf.

De Lüstersall kann ee vun der Strooss aus iwwer Trapen ënner enger grénger Dier aus Metall betrieden.[1] De Sall ass ongeféier 4,60 Meter héich. D'Kanalisatioun ass an den 1880er Jore geplangt ginn a war zum Zäitpunkt vun der Fäerdegstellung e groussen technesche Schrëtt no vir fir d'Stad. Dat war och de Grond firwat de Keeser ageluede gouf; hien huet de Raum awer ni betrueden. Enn vun den 1980er Jore sinn déi zwéin al Lüsteren duerch en neien, wäissen, elektresche Lüster ersat ginn, deen eng Kopie vun den Originalstécker ass.

Un der Mauer vum Sall hänkt eng Erënnerungsplack aus Steen, déi dorun erënnert wéi d'Kanalisatioun 1890 vum deemolege Buergermeeschter a Betrib geholl ginn ass.

Am Zweete Weltkrich ass de Sall net beschiedegt ginn. Vun Zäit zu Zäit gi Visitten oder aner Aktivitéiten am Sall organiséiert, deen zanter Juni 2004 ënner Denkmalschutz steet.

Fotoen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kronleuchtersaal – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. swr.de: Tag10: Der Kronleuchter-Saal in der Kölner Kanalisation (23. Dezember 2011)