Lüxeberg

Vu Wikipedia
Vue op de Lüxeberg

De Lüxeberg ass e Vulkankegel, deen erläscht ass, um südleche Bord vun der Äifel an der Wittlicher Sank.

D'Kopp läit op ronn 200 Meter. Fréier gouf et do zwou Steekollen, an deenen d'Steng gebrach goufen, déi gebraucht goufe fir d'Haiser an den Dierfer Wittlich-Neuerburg a Bombogen ze bauen. De reng gebrachene Basalt gouf als Gravier benotzt an déi méi grouss Bätz fir Stroossen ze stécken.

Op der Ostsäit gëtt et eng kleng Hiel, déi am Zweete Weltkrich eng Zort Loftschutzkeller sollt sinn, an op der Kopp ass e Waasserbaseng fir d'Uertschafte Bombogen a Wengerohr.

Koordinaten: 49° 59’ 27’’ N 06° 56’ 51’’ O