L'Alpe d'Huez

Vu Wikipedia
L'Alpe d'Huez
Den nërdlechen Deel vun der Alpe d'Huez

Den nërdlechen Deel vun der Alpe d'Huez
Den nërdlechen Deel vun der Alpe d'Huez
Land Frankräich
Regioun Auvergne-Rhône-Alpes
Departement Isère
Arrondissement Grenobel
Kanton Le Bourg-d'Oisans
Gemeng Huez

L'Alpe d'Huez ass eng Wantersport-Statioun op der Plaz, wou fréier een Deel vun de Biergweede vum Dierfchen Huez am franséischen Departement Isère waren. Se ass en Deel vum Massif des Grandes Rousses.

Zanter den drësseger Joren huet déi Géigend vill Wantersportler ugezunn, an 1936 gouf do deen éischte Schilift opgeriicht. E klenge Fluchhafe fir Sportsfligere mat enger Pist vu 500 Meter gouf am Süde vun der Statioun gebaut. (ICOA-Code LFHU)

L'Alpe d'Huez an den Tour de France[änneren | Quelltext änneren]

D'Strooss, déi vu Bourg-d'Oisans op d'Alpe d'Huez féiert, ass 14 Kilometer laang mat enger Duerchschnëttssteigung vun 8 %, an op verschiddene Plaze bis zu 12 %, an huet 21 Kéiren. Zanter 1952 koum 26-mol eng Etapp vum Tour de France op der Alpe d'Huez un.

An der Kéier N°14 op enger Héicht vun 1.055 Meter huet de Sporting Clube de Portugal den 18. Juli 2006 e Monument fir de Joaquim Agostinho opriichte gelooss op deem de Coureur en danseuse als Biergfuerer sculptéiert ass.

Fir Cyclisten a Spadséiergänger wuel sou intressant ass de Schéiferwee dee vun der Alpe op de Col de Sarenne féiert mat op der aner Säit enger Descente op Mizoën an de Lac du Chambon, an eng gutt Méiglechkeet bitt fir sou ee Circuit ze maachen deen erëm op Bourg-d'Oisans zeréckféiert.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Etapp vun der Alpe d'Huez.

Kuckt och[Quelltext änneren]


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Alpe d'Huez – Biller, Videoen oder Audiodateien