L'essentiel

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
L'essentiel-Verdeelerkëscht an der Mamer Gare de 5. Oktober 2007
Dekoratioun an der Entrée vun der Gebléishal um Belval den 10. Oktober 2007 bei der Receptioun bei Geleeënheet vun der éischter Nummer vu L'essentiel

L'essentiel ass eng lëtzebuergesch Gratisdageszeitung a franséischer Sprooch, déi zënter dem 10. Oktober 2007 un a Verdeelerkëschte läit. Si gëtt vum Verlag EDITA SA vun Déifferdeng erausginn, enger Duechtergesllschaft vun Editpress an der Schwäizer Tamedia.

Am Verwaltungsrot vun Edita sëtzen de Pietro Supino, de Martin Kall an de Marcel Kohler vun (Tamedia) an d' Danièle Fonck, den Alvin Sold an de Paul Hammelmann vun der (Editpress).

Direkter ass den Emmanuel Fleig, an de Chefredakter den Denis Berche, an de Responsabele vun der Distributioun ass de Luc Melsen. L'essentiel hat am Juni 2008 eng Oplo vu 82.000 Exemplairen, a läit mueres um 6 Auer a ronn 400 Verdeelerkëschten uechter d'Land. Och a munnechen RGTR-Busse wéi an allen TICE-Busser si méi kleng Busverdeelerkëschten ubruecht. Doriwwer eraus ginn et och Banneverdeelunge vun der Gratiszeitung a grousse Betriber, wéi Banken. De Verlag liwwert d'Zeitungen bis bei d'Receptioun, déi sech dann ëm d'Ausleeë këmmert.

D'Zeitung ass op "de breede Public" ausgeriicht mat Horoskop a Rubrike wéi Luxembourg, Monde, Webpage, Sports a People.

Niewent der Printéditioun gëtt et och L'Essentiel online a franséischer an daïtscher Sprooch.

Inhaltsverzeechnes

Oplo [änneren]

Zuel vun de verdeelten Exemplairen, wéi se vum Centre d'information des médias vu Bréissel confirméiert gouf:

0004/2008000 0004/2009000 0004/2010000
78.978[1] 88.849[1] 91.225[2]

Kuckt och [änneren]

Um Spaweck [änneren]

Referenzen [änneren]

  1. 1,0 1,1 Romain Hilgert: "Zeitungen: Schwarzes Jahr." d'Lëtzebuerger Land Nr. 16, 23. Abrëll 2010, Bäiluecht Communication, S. 10.
  2. Romain Hilgert: "Die Wirtschaftskrise hat die Pressekrise verstärkt." d'Lëtzebuerger Land Nr. 17, 27. Abrëll 2011, Bäiluecht Communication, S.8.