LAMOST

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Geographesch Koordinaten: Gnome-globe.svg 40° 23’ 39’’ N 117° 34’ 30.07’’ E
LAMOST

De Large Sky Area Multi-Object Fibre Spectroscopic Telescope (LAMOST) vum Observatoire Xinglong Station ass dat gréisst chinesescht optescht Teleskop. Käschtepunkt ronn 30 Milliounen US-Dollar. Et gouf am Juni 2007 a Betrib geholl.

Dësen neiartege, fir Spektroskopie optiméierte Spigelteleskop huet en effektiven Haaptspigelduerchmiesser vu ronn 4 m. En huet d'Méiglechkeet, bis zu 4000 Objeten a sengem Siichtfeld vun 5° gläichzäiteg spektroskopesch ze vermiessen, andeems deenen hiert Liicht iwwer Liichtwelleleeder vun der Bildfläch op e Spektrometer gefouert ginn.

Seng Optik baséiert op där vun engem Schmidt-Teleskop, bei där de Korrekter als schréie Spigel ausgefouert ass. Dësen ass ist dréibar a kann esou op déi gewënscht Himmelsregioun ausgeriicht ginn. De Korrekter besteet aus 24 sechseckege Spigelsegmenter mat engem Duerchmiesser vu je 110 cm an huet eng aktiver Optik. De sphäreschen Haaptspigel ass och aus 46 Segmenter opgebaut.

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie


Um Spaweck [änneren]