Lëtzebuerger Guiden a Scouten
D'Lëtzebuerger Guiden a Scouten, kuerz LGS, sinn de gréisste Verband vu Guiden a Scoute vu Lëtzebuerg. Mat ongeféier 5.000 Membere sinn d'LGS och déi gréisst Jugendorganisatioun zu Lëtzebuerg. 58 lokal Gruppe ginn et am Land.
D'LGS sinn 1994 aus dem Zesummeschloss vun den zwee kathoulesche Verbänn Lëtzebuerger Guiden a Lëtzebuerger Scouten entstanen. Haut spillt dat Kathoulescht an der Method vun den LGS keng esou grouss Roll méi.[1] Amplaz gëtt méi Wäert op déi perséinlech Entwécklung vum Jugendleche geluecht, zu deem och fir deen Eenzelnen déi perséinlech Spiritualitéit ka gehéieren.
Zu de Lëtzebuerger Guiden a Scoute gehéieren och nach folgend Organisatiounen:
- ONGD Guiden a Scouten fir ENG Welt [2]
- Fondatioun Guiden a Scouten am Déngscht vun de Jonken
- Lëtzebuerger Guiden a Scouten A.S.B.L.
- Centre de Formation et d'Animation um Neihaischen
- Relais de l'Amitié zu Bilschdref
- Jugendhaus Bissen
- Foulards Blancs
- Gamma Scouten
- Amicale Lëtzebuerger Scouten an der Resistenz 1940-1945
D'Lëtzebuerger Guiden a Scoute sinn als eenzege Lëtzebuerger Verband Member vun der Guideweltorganisatioun WAGGGS (World Association of Girl Guides and Girl Scouts) a vun der Scoutsweltorganisatioun WOSM (World Organization of the Scout Movement). Déi aner zwéi Verbänn (FNEL an AGGL) si just Member vun enger vun dësen zwou Weltorganisatiounen.
Inhaltsverzeechnes |
Geschicht [änneren]
- 1919 huet de Verband vun de Lëtzebuerger Scouten (Fédération nationale des scouts du Luxembourg - FNSL) déi Scoutstruppen zesummegefaasst, déi deemools - deelweis schonn zënter 1913/1914 - als Sektioune vum "Verband der luxemburgischen katholischen Jugendvereine" bestanen hunn.
- Am November 1938 gouf de Verband vun de Lëtzebuerger Guiden (Catholic Luxembourg Girl Guides) vum Mgr. Pierre Posing gegrënnt. Déi éischt Guidesektioun war d'Sektioun Notre-Dame, Lëtzebuerg-Kathedral.
- D'Lëtzebuerger Scouten an d'Lëtzebuerger Guide waren zwee Jugendmuvementer, deenen hiert Haaptzil d'Erzéiung vun de Kanner a Jugendleche war. Allebéid hu se dobäi nom Erzéiungskonzept vum Baden-Powell geschafft. Hien huet seng Iddien a seng Method ufanks vum 20. Joerhonnert, entspriechend de gesellschaftleche Strukture vun deemools, wuel getrennt fir Jongen a Medercher formuléiert, mee all Kéier an derselwechter Zilsetzung an am selwechte Geescht.
- Haut hunn déi gesellschaftlech Strukture geännert. Dofir hunn déi zwéi chrëschtlech orientéiert Verbänn, déi déiselwecht Ziler ustriewen, de 15. Mee 1994 decidéiert, an engem eenzege Verband ze fusionéieren.
- Am Hierscht 2004 hunn d'Aarbechten ugefaange fir déi nei Zentral vun de Guiden a Scouten. Zënter 2007 huet d'Géisserei de Centre Convict als Zentral ofgeléist.
Struktur [änneren]
D'Leedung vum Verband vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten ënnerläit dem Commissaire général, dem Commissaire général adjoint an dem Aumônier général. Eng Rei Commissaire mat spezielle Charge stinn hinnen zur Säit. Si alleguer zesumme bilden de Verbandscomité.[3]
Eng Lëscht vun alle Commissairen:
- Commissaire général
- Commissaire général adjoint
- Aumônier général
- Biber-Commissaire
- Biber-Commissaire adjoint
- Wëllefchers-Commissaire
- Wëllefchers-Commissaire adjoint
- AvEx-Commissaire
- AvEx-Commissaire adjoint
- CaraPio-Commissaire
- CaraPio-Commissaire adjoint
- RaRo-Commissaire
- RaRo-Commissaire adjoint
- Commissaire fir Gruppen
- Commissaire fir Gruppen adjoint
- Programm-Commissaire
- Formtaiouns-Commissaire
- Formatiouns-Commissaire adjoint
- Internationale Commissaire WAGGGS
- Internationale Commissaire WOSM
- Commissaire fir Public Relations
- Commissaire fir Public Relations adjoint
- Finanzcommissaire
Method [änneren]
D'Method vun de Lëtzebuerger Guiden a Scoute besteet aus folgenden Haaptpunkten:
- Léieren duerch Selwermaachen (learning by doing)
- Andeelung an Altersgruppen (Branchen)
- Spill an Aarbecht a klengen Equippen
- Liewen an der Natur
- den Asaz fir anerer
- den Engagement, d'Matbestëmmung an d'Matverantwortung
Branchen [änneren]
All Grupp ass opgedeelt an déi verschidde Branchen. Dës gi vu forméierte Chef enkadréiert. Déi eenzel Branchen ënnerscheeden sech äusserlech duerch d'Faarf vun der Sträif op hirem Foulard.
| Branche | Faarf | Alter |
|---|---|---|
| Biber | Turquoise | 6-8 Joer |
| Wëllef | Giel | 8-11 Joer |
| AvEx | Moof | 11-14 Joer |
| CaraPio | Rout | 14-17 Joer |
| RaRo | Beige | 17-23 Joer |
Zousätzlech gëtt et nach Foularden mat enger wäisser Sträif, déi fir Commissairen, Aumônieren a Gruppechef geduecht sinn.
Uniform [änneren]
Zur Uniform vun den LGS gehéieren [4]:
- e gréngt Hiem, op dat déi verschidden Ofzeeche ("Badger") gebitzt ginn
- e bloe Foulard mat faarwegem Bord (d'Faarf vum Bord steet fir d'Branche)
- eng blo Box oder Jüp
- e bronge Rimm aus Lieder mam Verbandsofzeechen aus Metall
Gruppen [änneren]
D'LGS bestinn aus 58 méi oder wéineger grousse Gruppen, déi sech virun allem no hirer geographescher Lag andeelen.[5]
Literatur [änneren]
- Anne-Laure Letellier, 2008. D'Guiden a Scouten. In: Lieux de mémoire au Luxembourg. Erinnerungsorte in Luxemburg. 2. Editioun, S. 345-3500. S. Kmec, B. Majerus, M. Margue, P. Peporte, éditeurs. éditions saint-paul, Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87963-705-1.
Kuckt och [änneren]
- Scouten zu Lëtzebuerg
- Fédération nationale des éclaireurs et éclaireuses du Luxembourg, déi laizistesch Scoutenorganisatioun zu Lëtzebuerg
Um Spaweck [änneren]
- Lëtzebuerger Guiden a Scouten
- D'Säit vun den LGS um Facebook
- World Association of Girl Guides and Girl Scouts
- World Organization of the Scout Mouvement
Referenzen [änneren]
- ↑ Methode an Ziler
- ↑ http://www.ongd-lgs.lu/joomla/
- ↑ http://lgs.lu/verbandscomite
- ↑ Reglement Nr 15 vun den LGS ("Uniform") vum 17.03.2009 : http://lgs.lu/sites/default/files/15_Uniform.doc
- ↑ http://lgs.lu/gruppen