LISA Pathfinder

Vu Wikipedia
LISA Pathfinder
De Fuerschungssatellit LISA Pathfinder
Typ Fuerschungssatellit
Land Europa
Agentur ESA
COSPAR-Bezeechnung 2015-070A
Mass 1,9 t (475 kg Notzlaascht)
Gréisst 2,1 × 1,0 m
Start 3. Dezember 2015, 04:04 UTC
Startplaz CSG, ELV
Drorakéit Vega VV06
Status am Orbit

De LISA Pathfinder (SMART-2) ass e Fuerschungs- an Erprouwungssatellit vun der ESA, deem seng Konstruktioun am November 2000 akzeptéiert gouf. Mam Satellit sollen Technike fir d'Erfuersche vu Gravitatiounswellen erprouft ginn. EADS Astrium gouf vun der europäescher Weltraumorganisatioun fir de Bau vum Satellit ausgewielt an ass verantwortlech fir d'Liwwerung vum startbereeten integréierte Satellit.[1] De Start war ufanks fir 2008 virgesinn, gouf dann awer ëmmer erëm verréckelt ginn a war zum Schluss den 3. Dezember 2015 mat enger Vega-Rakéit. De Satellit LISA Pathfinder soll 12 Méint laang Moossinstrumenter fir d'Missioun eLISA/NGO (Evolved Laser Interferometry Space Antenna) testen, eng Missioun, déi d'ESA an d'NASA ufanks zesumme maache wollten.[2] D'NASA huet sech awer 2011 aus dem Projet zeréckgezunn.

Fir Gravitatiounswelle mat engem Gravitatiounswellendetekter noweisen ze kënnen, mussen d'Instrumenter Gravitatiounsännerungen an der Gréisst vun 10−16 g an Distanzännerungen an enger Gréisst vun 10−12 m an engem Frequenzberäich vun 0,001 bis 0,1 Hz sammelen.

Et ass geplangt de LISA Pathfinder an en Orbit ëm de Sonn-Äerd-Libratiounspunkt L1 op der Distanz vun zirka 1,5 Mio km vun der Äerd ze positionéieren. Nom erfollegräiche Start gouf den 22. Januar 2016 um 12:30 Auer (CET) de Rakéitemotor ofgeworf[3], an déi wëssenschaftlech Missioun soll den 1. Mäerz 2016 ufänken.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Astrium liefert LISA Pathfinder Gearchiveerd op 2011-09-14. Gekuckt de(n) 2016-01-23.
  2. Statusbericht LISA und LISA Pathfinder, Januar 2008 (PDF; 748 kB), Seite 18
  3. LISA Pathfinder arrives at its worksite


ESA Satellitten a Raumsonden

COS-B (1975)GEOS 1 a GEOS 2 (1977, 1978)Meteosat (19771997)IUE (1978)EXOSAT (1983)Giotto (1985)Olympus (1989)Hipparcos (1989)Hubble (1990)Ulysses (1990)ERS 1 an ERS 2 (1991, 1995)EURECA (1992)ISO (1995)SOHO (1995)Huygens (1997)XMM-Newton (1999)Cluster (2000)Artemis (2001)Proba (2001)Envisat (2002)MSG 1 an MSG 2 (2002, 2005)Integral (2002)Mars Express (2003)SMART-1 (2003)Double Star (2003)Rosetta (2004)SSETI Express (2005)CryoSat (2005)Venus Express (2005)Galileo (20052008)ASTRO-F (2006)METOP-A (2006)CoRoT (2006)GOCE (2007)SMOS (2007)Herschel (2009)Planck (2008)ADM-Aeolus (2008)HYLAS (2008)LISA Pathfinder (2009)CryoSat-2 (2009)SWARM (2010)Gaia (2011)ExoMars (2013)BepiColombo (2013)JWST (2013)LISA (2015)Darwin (2015)Solar Orbiter (2015)Mars Sample Return (fréistens 2016)