LONEOS

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

LONEOS ass en Akronym fir Lowell Observatory Near-Earth Object Search (engl. fir Lowell-Observatoire – Sich no äerdnoen Objeten).

De Projet gouf am Joer 1993 gestart an déngt der hallef- respektiv vollautomatescher Sich no sougenannten äerdnoen Objete (engl. Near-Earth object; NEO). Heibäi handelt et sech am Speziellen ëm Asteroide, deenen hir Bunnen an d'Géigend vun eiser Äerd féieren.

D'Sich hat 1998 mat engem 60-cm-Schmidt-Teleskop ugefaangen an huet an zéng Joer ronn 2.000 äerdno Objeten erfaasst. Déi éischt Entdeckung war den 18. Juni 1998. De Projet LONEOS gouf Enn Februar 2008 agestallt.

Vun 100 Meter Gréisst un, kann en Aschlag vun engem Asteroid – mat deem all 100.000 Joer ze rechnen ass – vu regionaler Bedeitung sinn. Am lafende Joerzéngt wëll een all potenziell äerdno Objete erfaassen, déi méi grouss wéi ee Kilometer sinn. Vu ronn zwou Milliounen Asteroide vun dëser Gréisst däerften dat ongeféier 1.000 sinn. Bis erof op 100 m sinn et iwwer zéng Mol méi.

De 15. Oktober 2003 hat LONEOS e sensationellen Erfolleg: d'Opfanne vum Asteroid 1937-UB Hermes, dee während 66 Joer verluer war. Hien ass deemools an 1,5-facher Mounddistanz laanscht gezunn, gouf op 1.200 m geschat, ass awer no nëmme fënnef Deeg verluer gaangen. Eng genee Bunnbestëmmung huet elo erginn, datt sech den Hermes 1942 nach eng Kéier an 1,6-facher Mounddistanz "laanscht gestuel" hat.

Et lafen am Moment[Wéini ?] nach 10 Sichprogrammer an den USA, Europa an Ostasien, déi pro Nuecht e puer „NEOs“ vun 100 Meter bis 1 km Gréisst fannen. Dat erfollegräichst Programm heescht LINEAR a schafft mat engem 1-m-Spigelteleskop an CCD-Automatik.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]