Lycée technique hôtelier Alexis-Heck

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) LTHAH)
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Lycée technique hôtelier Alexis-Heck, am Volleksmond Hotelsschoul genannt, steet zu Dikrech an der Joseph Merten-Strooss.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

An der Chambre de Commerce gouf 1937 doriwwer nogeduecht, e speziellen Enseignement fir Hotelsberuffer anzeriichten. Nom Krich gouf op d'Initiative vum SACOL (Syndicat des aubergistes, cafetiers et hôteliers organisés du grand-duché de Luxembourg) hin 1947 eng Hotelsschoul opgemaach, an dat an Zesummenaarbecht mat der Stad Dikrech a mam Unterrechtsministère. D'Coursen hunn de 6. Mäerz 1950 mat siwe Schüler an dräi Enseignanten ugefaangen, an engem Sall vun der deemoleger Meederschersprimärschoul.

Am Ufank waren do just 40 Schüler zougelooss. 1967 ass d'Zuel vun de Schüler op 80 verduebelt ginn, an d'Joer drop nach eng kéier ëm d'Hallschent op 120 gehéckt ginn. 1974 gouf d'Decisioun geholl, en neit Schoulgebai ze bauen; dëst konnt 1984 ageweit ginn.

1979 krut d'Hotelsschoul hiren aktuellen Numm, genannt nom Dikrecher Hotelier an Tourismuspionéier Alexis Heck.

2006 waren am LTHAH 300 Schüler ageschriwwen.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Eppes Besonnesches war de Restaurant "An der Léier", wou een donneschdes a freides déi Platen iesse konnt, déi vun de Schüler preparéiert goufen. Duerch d'Ausbildungsreform huet dee Restaurant leider missen zoumaachen.

Direkteren[änneren | Quelltext änneren]

  • Roland Lacaf (1978-1991)
  • Louis Robert (1991 bis 2011)
  • Elisabeth Reisen (zanter 2011)

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]