LUXGSM

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

LUXGSM ass e Mobilfunknetz (GSM 900/1800 an UMTS) zu Lëtzebuerg, dat op d'P&TLuxembourg lizenzéiert ass a vun hir bedriwwe gëtt.

D'Konnebetreiung an de Marketing gëtt iwwert d'LuxGSM S.A., eng Aktiegesellschaft mat Sëtz zu Lëtzebuerg, ofgewéckelt. Haaptaktionäre an domadder Proprietär vun der LuxGSM S.A. sinn di lëtzebuergesch P&T an där hir Duechtergesellschaften CMD a Mobilux, déi allenzwee virun der Grënnung vu LuxGSM S.A. als Dingschtleeschter fir dat vun der P&T bedriwwent GSMNetz täteg waren. No eegenen Donnéeën huet d'Entreprise ca. 200.000 Mobilfunkclienten a beschäftegt eng 150 Mataarbechter.

[änneren] Produkter an Dingschter

Wéi di meeschten Netzbedreiwer bitt LUXGSM souwuel Mobilfunkverträg mat feste Abonnementspräisser pro Mount (zum Beispill d'Tarifer Liberty, YOUZ oder BUSINESS) mee och d'PrePaid-Kaart "TipTop" un.

Mëttlerweil bitt LUXGSM eng Handy-Flatrate mam Numm RELAX un, mat där ee fir e feste Präis pro Mount onlimitéiert telefonéieren kann. Jee no Optioun kann de Client och onlimitéiert vill SMSen zu engem feste Präis pro Mount verschécken.

D'Notzung vun Internet/WAP ass och iwwert den Datentransmissiounsstandard GPRS méiglech.

Zënter Juni 2003 bedreift LUXGSM och en UMTS-Netz mam selwechten Numm, dat stänneg weider ausgebaut gëtt (HSDPA) a virun allem an de Ballungszentre wéi z.B. Lëtzebuerg (Stad) oder Esch-Uelzecht disponibel ass. An de Géigende wou keen UMTS zur Verfügung steet, bitt LUXGSM EDGE un.

LUXGSM huet mat alle grousse GSM-Bedreiwer Roaming-Verträg ofgeschloss.

[änneren] Um Spaweck

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen