La Chartreuse (Léck)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Paart mat Wiertuerm am Thier de la Chartreuse

La Chartreuse ass eng fréier Festung an duerno eng Kasär am Süde vu Léck.

De Bau vun der Chartreuse geet op d'Zäit no de Koalitiounskricher zréck. No der Schluecht vu Waterloo hunn déi Alliéiert op Käschte vu Frankräich eng Verdeedegungslinn opgeriicht, déi sech vun de franséische Flandern bis op Maastricht gezunn huet.

D'Hollänner hunn deemools eng Rei Festunge gebaut oder ëmgebaut, dorënner d'Festung vun Dinant an déi vu Huy, d'Zitadell vun Namouer, d'Zitall vu Léck, déi vu Maastricht, an d'Chartreuse zu Léck. Si hunn ausserdeem d'Stied Tournai, Mons, Ath, Gent, Termonde, Charleroi, Philippeville, Ostende an Diest befestegt.

Den 30. August 1817 huet de Wëllem I. en Arrêté geholl, datt am Süde vu Léck sollt eng Festung gebaut ginn an där 3.000 Mann kéinte stationéiert ginn, mat 150 Kanounen.

Déi Festung sollt um Plateau La Chartreuse um Lieu-dit Péville gebaut ginn.

Den Herzog vu Wellington huet d'Pläng, déi vum hollännesche Genie ausgeschafft goufen, approuvéiert an domat de Bau vun der Festung an d'Weeër geleet. D'Awunner vun der klenger Uertschaft op där Plaz, déi aus 15 Haiser bestanen huet, goufen expropriéiert an 43 ha Wisen, Bongerten a Gäert goufen sou fir d'Festung zu Verfügung gestallt.

Mat dem Bau gouf am Hierscht 1817 ugefaangen an 1823 stoung eng fuschnei Festung do, déi allen Norme vun där Zäit ensprach huet, mat all Noutwennegem a Kamoudheeten déi gebraucht goufen. Sou gouf et Wunnengsbléck, Büroen, Arsenaler, Magasénger, Polvermagasénger, Kichen, Bäckerei, eng Infirmerie asw. Dat Ganzt hat déi Zäit ëm déi 2.500.000 Gulde kascht.

D'Festung huet ni eng grouss Leeschtung bruecht. Déi eenzeg Kanouneschëss, déi se lassgelooss hat, waren, wéi bei der belscher Revolutioun déi Lécker déi schwaach hollännesch Garnisoun iwwerfall an d'Festung besat hunn. Dobäi hate se 39 Kanounen, 80 Ënnersätz fir d'Kanounen, a fir 500.000 Gulden gosse Kanounekugelen an d'Täsch gestach.

Wéi géint 1865 Kanoune mat gedréintem Laf an de Gebrauch koume konnt d'Festung hir Verdeedegungszwecker net méi erfëllen.

Duerch e kinneklechen Arrêté vum 8. Juli 1891 gouf d'Chartreuse als Festung deklasséiert an et gouf eng Kasär draus, an där haaptsächlech den 3. Génie stationéiert war.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'Éierepaart vum 3. Génie

D'Festung hat d'Form vun engem Fënnefeck mat zwou Fronten zur Säit vun der Stad, an dräi Fronten no Süden op d'Land eraus. Op all Eck stounge Bastiounen déi e Schossfeld op d'Faubourgen Amercoeur an Outremeuse haten an op déi direkt Ëmgéigend vun der Festung.

Zur Südsäit goufen d'Verdeegungsanlagen mat enger ganzer Rei vu virgelagerte Festungswierker verstäerkt, déi aus Demi-lunë mat Reduite bestanen hunn, an am Osten a Westen duerch Lunetten, déi am Ufank vu klengen Däller stoungen déi et den Ugräifer licht gemaach hätte fir bei d'Festung ze kommen. D'stater Säit gouf duerch zwou Demi-lunen ouni Reduit verdeedegt, an duerch d'Bastioun N°5 déi wäit aus de Festungsmaueren erausgekuckt huet. Am Zentrum vun der Anlag huet en Haaptreduit, deen an engem Bou gebaut war, den hënneschten Deel vun der Bastioun N° 5 ofgeschloss.

Dréche Grief hunn déi verschidde Festungsdeeler vunenee getrennt. Ëm dat Ganzt louch eng Festungsmauer an e Glacis.

Dräi hëlze Brécken an en etlech Ausfalpaarten, Trapen a Galerien hunn et de Verdeedeger erlaabt fir séier iwwerall hinzekomme wou et néideg war.

Haaptreduit[änneren | Quelltext änneren]

Den Haaptreduit huet aus dräi Gebaier bestanen, mat Kelleren, an zwéi Wunnengsniveauen. Nodeem en Ugräifer all déi baussenzeg Anlage mat de Bastiounen a Courtinen iwwerwonnen an d'Haaptrankmauer besat hat, huet en nach missen den Haaptreduit anhuelen fir Meeschter op der Plaz ze sinn. Déi bannenzeg Dispositioun vun de Kummeren mam Numm Wellingtonkummeren, léisst gutt d'Verdeedegungszwecker erkennen. Déi baussenzeg Mauere sinn e gudde Meter déck, grad sou wéi d'Verwëllef. D'Fënsterbänke waren sou gebaut datt se als Opleeër fir d'Muskéite konnte gebraucht ginn an an de Säitewänn vun de Fënstere ware Schlitzer an déi eng duebel Rei Madrille konnt gestach ginn, déi dotëscht mat Buedem konnten opgefëllt ginn, fir se ze verbarrikadéieren. D'Gäng waren sou ugeluecht datt d'Verdeedeger séier vun enger Plaz op déi aner konnte kommen, ausserdeem bestoung d'Méiglechkeet fir Kanounen op dem éischten Niveau opzestellen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]