La Clef du cabinet des princes de l'Europe

Vu Wikipedia
La Clef du cabinet des princes de l'Europe
Titelblat vun der éischter Nummer (1. Juli 1704)
Typ Zäitschrëft
Periodizitéit 1 Mount
Sprooch Franséisch
Éischt Ausgab 1. Juli 1704
Grënner Claude Jordan,
André Chevalier
Lescht Ausgab 1. Juli 1794
Land Lëtzebuerg
Dréckerei André Chevalier


La Clef du cabinet des princes de l'Europe ou recuëil historique & politique sur les matieres du tems war déi éischt Zeitung, déi zu Lëtzebuerg erauskomm ass. Déi éischt Nummer koum den 1. Juli 1704 op de Maart. Se ass vun do un all Mount erauskomm, ouni Ënnerbriechung, bis am Juli 1794.

Hanner där Entreprise stoungen am Ufank de Libraire, Drécker a Journalist Claude Jordan (ëm 1659-?) vu Valence an den Drécker André Chevalier (1660-1747), e Fransous vu Bourg-en-Bresse, deen zu Lëtzebuerg eng Dréckerei hat. De Jordan hat scho virdrun, zu Leyden an zu Amsterdam, Gazettes de Hollande drécke gelooss.

Déi zwéin hu sech 1704 zesummegedoen, fir, nom Beispill vun de Gazettes de Hollande, vu Lëtzebuerg aus, eng Zeitung fir Loutrengen (dat deemools vu Frankräich onofhängeg war) an de franséische Marché ze produzéieren. E Lëtzebuerger Maart war deemools quasi inexistent.

Den Titel La Clef du cabinet des princes de l'Europe ou recuëil historique & politique sur les matieres du tems war e ganze Programm: d'Zeitung sollt Abléck ginn hanner d'Kulisse vun de Regierungscabineten, wou iwwer Krich a Fridden an Europa decidéiert gouf (et war grad Spueneschen Ierffollegkrich). D'Struktur war ëmmer déi selwecht: International Nouvellen, klasséiert no de Kinnekräicher. Da gouf et eng Rubrik Klatsch an Aktuelles (Zeremonien, Klappjuegten, wou de Kinnek matgemaach huet, d'Gebuert vu Prënzekanner, asw.), an eng iwwer d'Kritik vun neie Bicher. No an no sinn awer och ëmmer méi Noriichten aus regionale Parlamenter, oder Artikelen iwwer opgekläerte Philosophen, déi den Absolutismus bekämpft hunn, dra gedréckt ginn.

Déi 12 éischt Joer koum d'Zeitung ouni Numm vum Editeur, nach Editiounsplaz eraus. Well s'a Frankräich kee Privilège royal hat, war se net géint onerlaabten Nodréck geschützt, a se huet misse méi en héije Porto bezuelen. Se gouf vum Chevalier, ënnert sengem Pseudonym « Jacques Le Sincère, à l'enseigne de la Vérité » gedréckt[1].

1716 sinn de Jourdan an de Chevalier am Sträit ëm Honorairen auserneegangen. De Jourdan ass op Paräis gaangen an huet do eng Suite de la clef, ou Journal historique sur les matieres du tems erausginn, déi bis 1776 bestanen huet. De Chevalier krut vum Keeser Karl VI., deen elo zu Lëtzebuerg Här a Meeschter war, de Privileeg, La clef du Cabinet des princes erauszeginn. Et ass net gewosst, wien de Redakter war, wéi de Jordan bis fort war. No 1730 war dat e gewësse Pierre Bourgeois.

Vu 1750 un ass dee strenge Regime, deen d'Erausgi vun den Zeitungen a Frankräich betrëfft, no an no méi labber ginn; ëmmer méi Zeitunge sinn erauskomm, an den Interessi un der Gazette de Hollande, an och un der Clef du Cabinet, huet deementspriechend ofgeholl.

Dobäi koum, datt d'Clef du Cabinet des Princes 1769 verbuede gouf, ë. a. well kritesch Artikelen iwwer Hongersnéit drastoungen. Am August 1793 gouf d'Editioun ouni weider Explikatioun agestallt, resp. ënner engem neien Titel nei erausbruecht: Journal historique et littéraire. Redakter dovu war de Jesuitt François-Xavier de Feller (1735-1802).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Jacques Le Sincère (imprimeur-libraire imaginaire, 16..-17..). data.bnf.fr. Gekuckt de(n) 08.01.2022.