La Coquille

Vu Wikipedia
La Coquille
Land Frankräich
Regioun Nei-Aquitaine
Departement Dordogne
Arrondissement Nontron
Kanton Jumilhac-le-Grand
Postcode 24450

Communauté de communes
du Pays de Jumilhac-le-Grand

Gemengecode 24133
Koordinaten 45° 32’ 36’’ N
      00° 58’ 38’’ O
Fläch  2 237 ha
Bevëlkerung  1 489 (1999)

La Coquille ass eng franséisch Uertschaft a Gemeng an dem Departement Dordogne an der Regioun Nei-Aquitaine.

Se läit am Perigord Vert am Dall vun der Valouze an um Fouss vun den Ausleefer vun de Koppe vum Limousin, an enger Géigend déi vu Bëscher a Bocagë markéiert ass. Se läit och am Parc Naturel Régional Périgord-Limousin.

Zwou geologesch Formatioune stoussen an dëser Géigend zesummen, de Sedimentsbaseng vun der Aquitaine an de kristalline Sockel vum Massif Central.

D'Uertschaft läit op enger Héicht vun 350 Meter, laanscht d'Nationale 21 an op der Eisebunnsstreck Limoges-Périgueux-Bordeaux. An der klenger Gare halen awer nëmme knapps eng hallef Dosen Zich am Dag.

La Coquille läit um Jakobswee de vu Vézelay op Roncevaux féiert, an um touristesche Richard-Léiwenhäerz-Wee.

An der Geschicht ass La Coquille bekannt well de Richard Léiwenhäerz do am 13. Joerhonnert eng Kierch ageweit hat. Déi haiteg Kierch ass vun 1873. An der Kierch steet eng Statu vun der Muttergottes aus dem 13. Joerhonnert an eng Pietà aus dem 18. Joerhonnert.

Nopeschgemengen[änneren | Quelltext änneren]

Uertschaft virdrun
Les Cars
Jakobswee

Via Lemovicensis
Uertschaft duerno
Thiviers


Uertschaft virdrun
Châlus
Richard-Léiwenhäerz-Wee
Uertschaft duerno
Jumilhac-le-Grand