La Monnaie
La Monnaie (Théâtre Royal de la Monnaie) oder De Munt (Koninklijke Muntschouwburg) ass d'Operenhaus vu Bréissel.
Dat éischt Gebai gouf géint 1700 no Pläng vun de venezianeschen Architekte Paolo a Pietro Bezzi opgeriicht op der Plaz, wou virdrun d'Mënz geklappt gouf, dohir säin Numm. Et hat am 18. Joerhondert de Ruff, eent vun de schéinsten Theatergebaier vun Europa ze sinn. 1818 huet d'Stad Bréissel en neien Theater hannert dem alen opriichte gelooss. Dat Operenhaus, wéi et nach haut do steet, ass vun 1855, wéi en neien Theatersall huet misse gebaut ginn, well dësen duerch e Feier zerstéiert gi war.
Et gouf 1985 no de Pläng vum Lécker Architekt Charles Vandenhove renovéiert.
D'Monnaie huet eng Schlësselroll an der belscher Geschicht gespillt, well do de 25. August 1830, wéi d'Oper La muette de Portici vum Daniel-François-Esprit Auber gespillt gouf, d'Publikum duerch den Duett Amour Sacré de la Patrie esou exitéiert gouf, datt et „Aux armes! Aux armes!“ geruff huet an domatter d'Belsch Revolutioun ausgeléist huet, déi dozou gefouert huet, datt d'Land vun Holland onofhängeg gouf.
D'Monnaie ass hautdesdaags eent vun de renoméiersten Operenhaiser vun Europa, zënter datt de Maurice Béjart 1960 do säi Ballet du XXe siècle an d'Liewe geruff huet an och ënnert der Generaldirektioun vum Gérard Mortier (1982 bis 1992).
2011 gouf d'Monnaie, als éischt Operebühn aus dem net däitschsproochege Raum, vun de Lieser vun der däitscher Zäitschreft Opernwelt, Opernhaus des Jahres gewielt.
Direkter ass zënter dem 1. August 2007 de Peter de Caluwe, virdru war et de Bernard Foccroulle. De japaneschen Dirigent Kazushi Ono ass fir d'musikalesch Leedung zoustänneg.
Koordinaten:
50° 50’ 59’’ N 04° 21’ 14’’ O
[änneren] Um Spaweck
| Commons: La Monnaie – Biller, Videoen oder Audiodateien |