La Neuville-au-Pont

Vu Wikipedia
La Neuville-au-Pont
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Marne
Arrondissement Sainte-Menehould
Kanton Argonne Suippe et Vesle
Postcode 51800
Gemengecode 51399
Koordinaten 49° 07’ 28’’ N
      04° 51’ 31’’ O
Fläch  1 511 ha
Bevëlkerung  580 (1999)

La Neuville-au-Pont ass eng franséisch Gemeng am Departement vun der Marne an der Regioun Grand Est.

La Neuville-au-Pont läit am Dall vun der Aisne.

La Neuville-au-Pont ass geschichtlech bekannt duerch de Prozess ëm d'Forêt des Hauts bâtis, an deen d'Gemenge Moirement, Maffrécourt, a Florent, matverwéckelt waren. De Prozess huet vum 17. Joerhonnert bis zum Enn vum 19. Joerhonnert gedauert.

D'Uertschaft gouf am Joer 1203 vun der Gräfin Blanche de Champagne gegrënnt.

Dem Beaudelaire säi Papp, de de Jean François Beaudelaire ass do 1759 op d'Welt komm, an et ass och d'Heemecht vum Architekt Jean-Eugène Rouyer.

Nopeschgemengen[änneren | Quelltext änneren]

Architektur[änneren | Quelltext änneren]

  • d'Gemengenhaus vun 1869, fir dat de Rouyer d'Pläng gemaach hat.
  • D'Kierch aus dem 15. - 16. Joerhonnert vun 1839.
  • D'Kapell vun der Côte à Vignes.
  • De Buer vun der Côte à Vignes mat der Trap mat 117 Träppleker, wou op all Träpplek eng vun de Litaneie vun der Muttergottes agravéiert ass, a bei déi all Joer am Oktober eng Pressioun geet.

Kuckt och[Quelltext änneren]