La Superba
| La Superba | |
|---|---|
| Stärebild: | Canes Venatici |
| Daten | |
| Rektaszensioun | 12h45m07.83s |
| Deklinatioun | +45°26'24.8" |
| Gréissteklass | 4,8-6,3 mag |
| Spektralklass: | C7Iab |
| verännerleche Stärtyp | SRB |
| Distanz | 650 ± 130 Lj |
| Absolut Hellegkeet | -1,27 ± 0,43 mag |
| Mass: | 3 * Sonn |
| Radius: | 215 * Sonn |
| Liichtkraaft: | 270 ± 110 * Sonn |
| Radial Vitesse: | ? |
| Uewerflächentemperatur | 2800 K |
| Aner Bezeechnungen | |
| Bonner Duerchmusterung | BD +46°1817 |
| Bright Star Catalogue | HR 4846 |
| FK5 | 1327 |
| GC | GC 17342 |
| Henry-Draper-Katalog | HD 110914 |
| Hipparcos-Katalog | HIP 62223 |
| SAO-Katalog | SAO 44317 |
| Tycho-Katalog | TYC 3459-2147-1 |
La Superba ass den Numm vum verännerleche Stär Y Canum Venaticorum (Y CVn) am Stärebild Canes Venatici.
Et handelt sech ëm ee vun de roudelzegste Stären um Himmel. Opgrond vun der opfälleger Faarf huet den italieneschen Astronom Angelo Secchi hien La Superba, "déi Gréisst" genannt. Aner Bezeechnunge sinn HR 4846 oder HD110914.
De Stär ass 710 Liichtjoer vun eis ewech. De Roude Ris gehéiert zu der Spektralklass C7I . Hien huet en héije Kuelestoffgehalt. Esou Stäre ginn och als Kuelestoffstären (englesch) Carbon Stars) bezeechent. D'Uewerflächentemperatur ass 2.800 Kelvin. Den Duerchmiesser ass ronn zwou Astronomesch Eenheeten, also 300 Millioune Kilometer. De Stär huet déi 4.400fach Liichtkraaft vun eiser Sonn.
D'visuell Magnitude variéiert an engem Zäitraum vu ronn 160 Deeg tëschent 4,80 mag a +6,30m. La Superba gëtt zu den hallefregelméisseg verännerleche Stäre gezielt.
Kuckt och [änneren]
- ABC vun de Stären
- Gréisst Stären
- Noost Stären
- Hellst Stären
- Verännerlech Stären
- Hallefregelméisseg verännerlech Stären
- Konstellatioun
- Hyperris