La Violette

Vu Wikipedia
La Violette ëm 1684

La Violette war den Numm vum ale Stadhaus vu Léck, dat zanter dem 13. Joerhonnert um Fouss vun den Degrés de Saint-Lambert stoung, ongeféier do wou sech haut d'Rue Haute Sauvenière an d'Rue de la Populaire kräizen.

Uganks des 15. Joerhonnert gouf d'Gebai frësch opgebaut, awer schonn 1468 vun de Burgunder hiren Truppe staark beschiedegt. Duerno gouf erëm bis 1498 dru geschafft an ëmgeännert. Duerno koumen no an no d'Wopen op der Fassad derbäi. De keeserlechen Aadler an e Koffergelänner laanscht de Perron waren déi lescht Ëmännerungen déi derbäikoumen.

D'Gebai gouf am Juni 1691 zerstéiert, wéi den de Boufflers den Zentrum vu Léck bombardéiere gelooss huet.

Vun de Lécker gëtt dat neit Stadhaus och Violette genannt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: La Violette – Biller, Videoen oder Audiodateien