Labello
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Labello ass ee Lëpsecrèmestëft vun der Firma Beiersdorf AG. Den Numm Labello ass aus de laténgesche Wierder „labium“ (= Lëpps) a „bellus“ (= schéin) entstanen an heescht dofir „schéi Lëppsen“. Labello gëtt zënter dem Joer 1909 ënnert dësem Numm vun der Beiersdorf AG verkaf an ass domat deen eelste Produit vun der Firma. Den Entwéckler vun dem Lëpsecrèmesteft war den Oscar Troplowitz. Haut ass de Labello a Mëtteleuropa de Synonym fir Lëppsecrème.
Labello gëtt et a verschiddene Varianten, wéi zum Beispill mat Sonneschutzfaktor. De Produit gëtt et och mat diversen Aromen. D'Käppche vum Stëft huet dann d'Faarf vum jeeweilegen Aroma.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Labello – Biller, Videoen oder Audiodateien |