Lacus Gaudii
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Lacus Gaudii, am Zentrum vum Bild, opgeholl vun der Raumsond Clementine. Uewe riets en Deel vum Mare Serenitatis. Um ënneschte Bildrand lénks de Lacus Lenitatis a riets uewen donun de Lacus Hiemalis.
De Lacus Gaudii – latäin fir Séi vun der Freed – ass e verstengerte Lavaséi um Äerdmound. D'Bezeechnung gouf duerch d'International Astronomesch Unioun am Joer 1976 festgeluecht.
Déi kleng onregelméisseg Mieresfläch mat onbestëmmter Ëmgrenzung huet e mëttleren Duerchmiesser vun 113 Kilometer a läit op der äerdzougedréiter Moundsäit bei de selenographesche Koordinaten 16° 12' Nord an 12° 36' Ost. Ëmginn ass de Séi am Norde an Nordoste vun de Montes Haemus an dem Mare Serenitatis, am Südoste vum Lacus Hiemalis, am Süde vum Lacus Lenitatis an am Westen vum Lacus Doloris.
Kuckt och [änneren]
- Lëscht vun de Maria um Äerdmound
- Lëscht vun Däller um Äerdmound
- Lëscht vun den Äerdmoundkrateren
- Lëscht vu Rillestrukturen um Äerdmound
- Lëscht vu Bierger um Äerdmound
- Südpol-Aitken-Becken
Um Spaweck [änneren]
| Maria | Anguis - Australe - Cognitum - Crisium - Fecunditatis - Frigoris - Humboldtianum - Humorum - Imbrium - Ingenii - Insularum - Marginis - Moscoviense - Nectaris - Nubium - Orientale - Serenitatis - Smythii - Spumans - Tranquillitatis - Undarum - Vaporum |
| Oceanus | Procellarum |
| Lacus | Aestatis - Autumni - Bonitatis - Doloris - Excellentiae - Felicitatis - Gaudii - Hiemalis - Lenitatis - Luxuriae - Mortis - Oblivionis - Odii - Perseverantiae - Solitudinis - Somniorum - Spei - Temporis - Timoris - Veris |
| Sinus | Aestuum - Amoris - Asperitatis - Concordiae - Fidei - Honoris - Iridum - Lunicus - Medii - Roris - Successus |
| Paludes | Epidemiarum - Putredinis - Somni |