Lacus Hiemalis

Vu Wikipedia
De Lacus Hiemalis, opgeholl vun der Raumsond Clementine. Uewe lénks am Bild en Deel vum Lacus Gaudii, an ënne lénks vum Lacus Lenitatis.

De Lacus Hiemalislatäin fir Wanter-Séi – ass e verstengerte Lavaséi um Äerdmound. D'Bezeechnung gouf duerch d'International Astronomesch Unioun am Joer 1976 festgeluecht.

Déi kleng Mieresfläch huet e mëttleren Duerchmiesser vu 50 Kilometer a läit op der äerdzougedréiter Moundsäit bei de selenographesche Koordinate 15 Grad Nord a 14 Grad Ost.

Ëmginn ass de Séi am Nordweste vum Lacus Gaudii, am Weste vum Lacus Lenitatis an am Nordoste vum 14 Kilometer breede Krater Daubrée, deem säi Grond och vu Lava iwwerflut gi war. An nordëstlecher Géigend ass de Rand vum Mare Serenitatis deen am Duerchmiesser 27 Kilometer grousse Krater Menelaus.

Kuckt och[Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]