Lacus Lenitatis
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Lacus De Lenitatis, Foto opgeholl vun der Raumsond Clementine. Riets uewen am Bild en Deel vum Lacus Hiemalis.
De Lacus Lenitatis – latäin fir Séi vun der Zäertlechkeet – ass e verstengerte Lavaséi um Äerdmound. D’Bezeechnung gouf vun der IAU am Joer 1976 festgelurecht.
Déi kleng Mieresfläch huet e mëttleren Duerchmiesser vun 80 Kilometer a läit op der Moundsäit, déi der Äerd zougedréint ass, tëschent dem Mare Serenitatis an dem Mare Vaporum bei de selenographesche Koordinaten 14,0 Grad Nord an 12,0 Grad Ost.
An der direkten Ëmgéigend vum Séi läit am Nordwesten de Lacus Doloris, am Norden de Lacus Gaudii an am Osten de Lacus Hiemalis. Eppes westlech vum Séi läit, virum Mare Vaporum, den 39 Kilometer grousse Krater Manilius.
Kuckt och [änneren]
- Lëscht vun de Maria um Äerdmound
- Lëscht vun Däller um Äerdmound
- Lëscht vun den Äerdmoundkrateren
- Lëscht vu Rillestrukturen um Äerdmound
- Lëscht vu Bierger um Äerdmound
- Südpol-Aitken-Becken
Um Spaweck [änneren]
| Maria | Anguis - Australe - Cognitum - Crisium - Fecunditatis - Frigoris - Humboldtianum - Humorum - Imbrium - Ingenii - Insularum - Marginis - Moscoviense - Nectaris - Nubium - Orientale - Serenitatis - Smythii - Spumans - Tranquillitatis - Undarum - Vaporum |
| Oceanus | Procellarum |
| Lacus | Aestatis - Autumni - Bonitatis - Doloris - Excellentiae - Felicitatis - Gaudii - Hiemalis - Lenitatis - Luxuriae - Mortis - Oblivionis - Odii - Perseverantiae - Solitudinis - Somniorum - Spei - Temporis - Timoris - Veris |
| Sinus | Aestuum - Amoris - Asperitatis - Concordiae - Fidei - Honoris - Iridum - Lunicus - Medii - Roris - Successus |
| Paludes | Epidemiarum - Putredinis - Somni |