Lady Gaga
D'Lady Gaga, och Lady GaGa geschriwwen, gebuer den 28. Mäerz 1986 zu New York City als Stefani Joanne Angelina Germanotta, ass eng US-amerikanesch Popsängerin a Songwriterin.
No hirer Tätegkeet als Songwriterin fir d'Pussycat Dolls huet si hiren Debütalbum The Fame am August 2008 verëffentlecht, dee Plaz Eent ënner anerem a Kanada, Éisträich, Däitschland an Irland erreecht huet. Hir éischt zwou Singles Just Dance a Poker Face goufen zu weltwäiten Nummer-Eent-Hits. Den Album huet spéiderhi sechs Grammy-Nominéierungen kritt a gouf als beschten Electronic-/Dance-Album an als bescht Dance-Opnam ausgezeechent.
Ufanks 2009 ass si am Virprogramm vun den New Kids on the Block an de Pussycat Dolls opgetrueden an huet hir éischt Solotournee The Fame Ball Tour ënnerholl. Am November 2009 huet si hiren zweeten Album The Fame Monster verëffentlecht an och hir zweet Tournee, The Monster Ball Tour ugefaangen.
Inhaltsverzeechnes |
[änneren] Monster Ball Tour
De "Monster Ball Tour" vun der Lady Gaga war a ville Länner direkt no der Ukënnegung ausverkaaft. Am Ufank nëmme fir ee Joer geplangt, gouf awer wéinst dem onerwaarte grousse Succès décidéiert dës Tournee bis 2012 duerch ze zéien.
[änneren] Diskografie
[änneren] Albumen
- The Fame (2008)
- The Fame Monster (2009)
- Born This Way (2011)
[änneren] Singelen
- Just Dance (feat. Colby O'Donis) - 2008
- Poker Face - 2008
- Eh, Eh (Nothing Else I Can Say - 2009
- LoveGame - 2009
- Paparazzi - 2009
- Bad Romance - 2009
- Telephone (feat. Beyoncé) - 2010
- Alejandro - 2010
- Dance in the Dark - 2010
- Born this Way - 2011
- Judas - 2011
- The Edge of Glory - 2011
- You and I - 2011
- Marry the Night - 2011
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Lady Gaga – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Websäit (en)