Laguiole (Messer)
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat de Laguioles-Messeren. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Laguiole. |
Laguiole ass e Messertyp, deen zu Laguiole an zu Thiers hirgestallt gëtt.
[änneren] D'Originnen
1829 huet den deemolejen Duerfschmatt vu Laguiole en neit Messer febrizéiert. Et war eng Mëschung tëscht dem capuchadou, dem traditionelle Messer vun de Baueren aus dem Aubrac an dem navaja, dem Messer, dat d'Saisonsaarbechter aus Katalonien matbruecht hunn.
Seng Charakteristike sinn de speziell geschwongenen Grëff an déi kleng Bei déi uewen um Grëff direkt béi der Kleng sëtzt. De Grëff kann aus verschiddenen Materialien bestoen. Fréier sinn d'Messeren ausschliisslech aus der Spëtzt vu Kouharen oder aus Olivenholz gemaach ginn. Haut ginn och aner Materialer gebraucht (bei de Couvertsmesseren dacks Inox). D'Messer ass ursprénglech e Klappmesser fir op d'Juegd oder einfach ënnerwee.
Hautdesdaags gëtt et awer och gären an enger fester Form (kann net zesummengeklappt ginn) als Läffelsgeschir verkaaft. Aner Variatiounen hunn och zousätzlech en Tirbouchon. Ënner Wäinkennere sinn och d'Sommelier an der Form vun engem Laguiole Messer beléift. Si hunn allerdéngs keng Kleng.
Ee gudde Rot: Wann der e Messer mat Holz oder Kouhar hutt, loosst et ni am Waasser leien, soss beschiedegt der de Grëff, dee léisst sech allerdéngs bei engem Original flécke well een déi Plakken ersetze kann.
[änneren] Fir ze liesen
- Daniel Crozes: Le Laguiole, éloge du couteau, éd. du Rouergue, 2005.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Laguiole Messeren – Biller, Videoen oder Audiodateien |