Laifour

Vu Wikipedia
Laifour
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Departement Ardennes
Arrondissement Charleville-Mézières
Kanton Bogny-sur-Meuse
Postcode 08800

Communauté de communes
Meuse et Semoy

Gemengecode 08242
Koordinaten 49° 54’ 48’’ N
      04° 41’ 37’’ O
Fläch  325 ha
Bevëlkerung  568 (1999)
Vue op Laifour vu Südwesten aus gesinn.

Laifour ass eng franséisch Gemeng an den Ardennen an der Regioun Grand Est.

Laifour läit op enger Héicht vu ronn 135 m am Dall vun de Meuse an um nërdlechen Deel vum Canal de l'Est den do Canal de la Meuse genannt gëtt.

Uertschaft läit laanscht d'Departementale D1 ongféier op hallwem Wee tëscht Deville an Anchamps. Am Westen op der Héicht läit Les Mazures mat dem 66 ha groussen Uewerbecken Les Marquisades vum Pompelspäicherwierk Saint-Nicolas - Les Mazures. Südëstlech läit déi kleng Touristestad Monthermé.

D'Uertschaft ass un de Schinneverkéier ugeschloss iwwer d'Gare vu Laifour op der Eisebunnsstreck Soissons-Givet.

Zu der Gemeng gehéiert nach déi kleng Uertschaft Madagascar

Wéi 2011 de Parc naturel régional des Ardennes entstanen ass, war Laifour eng vun de Grënnungsgemengen.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

D'Fielse vu Laifour op der rietser Säit vun der Meuse déi 270 m praktesch am Senkel an d'Luucht ginn, an d'Plaz Les Dames de Meuse déi Motiver fir Artiste wéi Georges Sand an Théophile Gauthier geliwwert hunn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Laifour – Biller, Videoen oder Audiodateien

Kuckt och[Quelltext änneren]