Lambert Schaus

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Lambert Schaus
Gebuer 18. Januar 1908
Lëtzebuerg
Gestuerwen 10. August 1976
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch
Aktivitéit Politiker, Diplomat, Affekot
Partei CSV


De Lambert Schaus, gebuer den 18. Januar 1908 zu Lëtzebuerg[1], och do gestuerwen den 10. August 1976, war e lëtzebuergesche Jurist, Politiker (CSV) an Diplomat.

"... was ich als wesentlich für das Leben ansehe: Die Freude an einer guten und fachgerechten Arbeit, das Streben nach Schönheit, den Sinn für die Wirklichkeit, das Verständnis für andere Menschen und nicht zuletzt das vergnügliche Behagen, das eine Stunde der Entspannung in froher Geselligkeit zu geben vermag." Lambert Schaus (Quell: Becker et al. 1977)

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

  • 1927: Première am Stater Kolléisch.
  • 1927-1932: Droitstudium, haaptsächlech zu Paräis[2].
  • 1932: Ofschloss vum Doktorat, Affekot op der Cour d'appel de Luxembourg.
  • 1934-1935: President vun der internationaler kathoulescher Studentenorganisatioun Pax Romana[3].
  • 1937-1938: President vun der Conférence du jeune barreau de Luxembourg.
  • 1935-1946: Member vum Lëtzebuerger Gemengerot.
  • 1941-1945: den 9. Mee 1941 gouf de Lambert Schaus wéinst sengem Refus, fir der däitscher Affekotenassociatioun bäizetrieden, vum Okkupant vu senge professionellen a politesche Funktiounen entbonnen a gouf vun der Gestapo a verschidden Aarbechtslager zu Aussig (Ústí nad Labem) a Béimen deportéiert[4].
  • 1945-1946: Affekot um Barreau.
  • 1945-1946: Deputéierten, Generalsekretär vun der CSV.
  • 1946-1947: Minister fir Wirtschaft an Handel.
  • 1947-1948: Minister fir Wirtschaft, Arméiminister.
  • 1948-1951: Generalsekretär vun der CSV.
  • 1948-1952: Member vum Staatsrot.
  • 1953-1955: Envoyé extraordinaire a Ministre plénipotentiaire an der Belsch.
  • 1955-1958: Ambassadeur zu Bréissel.
  • 1955-1957: President vun der lëtzebuergescher Delegatioun bei der Konferenz vun de Regierunge fir d'Aushandele vun de Réimesche Traitéen[5].
  • 1958-1967: Member vun der Europäescher Kommissioun, zoustänneg fir Transport, Landwirtschaft a Bannemaart.
  • 1967-1973: Permanente Vertrieder vu Lëtzebuerg am Conseil vun der NATO.
  • 1968-1973: Ambassadeur zu Bréissel.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

Eng detailléiert Bibliographie vum Lambert Schaus fënnt ee bei Becker et al. 1977 op de Säiten 157 bis 175 (cf. Literatur).

  • Joseph Bech, Robert Schuman, Robert Mengin, Jérôme Anders, Lambert Schaus, Pierre Grégoire, Ernest Ludovicy, Edouard Probst, Joseph Guill, P.-J. Muller, Willy Gilson, André Wolff, 1935. Le Luxembourg. Paris: La Cité Universitaire[6], 3e a., n° 5, 15 avril 1935: numéro spécial, 46 p.
  • Schaus, Lambert, 1945. Lidder aus dem Exil. 58 p. St. Paulus-Dréckerei, Lëtzebuerg.
  • Schaus, Lambert, 1949. Considérations sur le droit positif luxembourgeois en matière de protection de la nature. Luxembourg: Impr. P. Linden. 23 p. [Auszuch aus: Annuaire 1949-1950 du Touring Club Luxembourgeois: Nature et tourisme en Luxembourg]
  • Schaus, Lambert, 1957. Les fondements du statut international du Luxembourg 1944-1957. Luxembourg: Impr. Bourg-Bourger. pp. 241–301. Extrait du Livre jubilaire du Conseil d'état du Grand-Duché de Luxembourg, publié à l'occasion du centenaire de son institution.
  • Schaus, Lambert, 1957. L'esprit des traités. Luxemburger Wort, 26.03.1957, n° 85.
  • Schaus, Lambert, 1957. Le Benelux devant le Marché commun. XIe Congrès économique Benelux à Maastricht, 15 Juni 1957, p. 3-15. Luxembourg.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Becker, Camille, Fernand Braun, Jacques Dousset, Henri Etienne, Gust Graas, Michel Molitor, John Peters, Adrien Ries & Wolfgang Stabenow (éds.), 1977. Lambert Schaus: Luxembourg, Belgique, Europe. 180 p., Impr. Saint-Paul, Luxembourg.
  • Edouard Marc Kayser, 2003. Lambert SCHAUS 1908-1976. In: 400 Joer Kolléisch, Band II: 413-415. Éditions Saint Paul, Luxembourg. ISBN 2-87963-419-9.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Virgänger Generalsekretär vun der CSV Nofollger
Nicolas Hommel 1945 - 1950 Pierre Grégoire

Notten[Quelltext änneren]

  1. De Lambert Schaus war de Fils vun engem Stater Bijoutier.
  2. De Lambert Schaus huet deelweis a Frankräich (Toulouse, Alger, Grenoble) an an Däitschland (Bonn) studéiert.
  3. Association internationale des étudiants catholiques. De Lambert Schaus war tëscht 1933 an 1940 och President vum soziale Sekretariat vu Pax romana.
  4. De Lambert Schaus war a verschidde Quartiere vun der Stad Aussig a Lageren agespaart: Schreckenstein (Střekov): Lager 119 + 119a; Nestomitz (Neštěmice): Lager 121 + 121a; Oberkratzau (Chrastava): Lager 81 + 82.
  5. De Lambert Schaus war de lëtzebuergesche Cosignataire vun de Réimesche Traitéen.
  6. La Cité Universitaire = Revue internationale des étudiants de la Cité universitaire de Paris
  7. Odre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1951 Memorial A N° 13 vun 1951 Gearchiveerd op 2016-03-03. Gekuckt de(n) 2013-01-04.