Lampachsmillen

Vu Wikipedia
D'Lampachsmillen (2015)

D'Lampachsmillen ass eng fréier Millen am Weste vun Arel um Laf vun der Semois.

Si staamt aus der zweeter Hallschent vum 18. Joerhonnert an eng Plack mat engem Wope léisst unhuelen datt s'op Initiativ vun der Maria-Theresia vun Éisträich opgeriicht gouf.

D'Wunnhaus vun der Millen huet e gebrachene Suedeldaach mat dräi Liichten déi och e spatzen Daach hunn. D'Gewänner vun der Fënstere sinn aus Hasteng an d'Haus huet e Stack an e Späicher.

Nieft dem Haus am rechte Wénkel derzou waren d'Ställ an d'Scheier, déi haut als e modernt Wunnhaus ëmgebaut sinn. Net wäit dervu stinn zwee niddreg Gebaier an deene Quelle gefaasst sinn.

Vum Millegruef a vun engem eventuelle Weier ass näischt méi ze gesinn.