Landfläch

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Geologesch Andeelung vun der Landfläch

Als Landfläch, Landmass oder Festland gëtt an de Geowëssenschafte (besonnesch an der Geographie) deen Deel vun der Äerduewerfläch bezeechent, dee sech iwwert de Mieresspigel erhieft an och bei Flut net vum Waasser bedeckt gëtt.

D'Landfläch vun der Äerd huet ongeféier 149,4 Millioune km² – also 29,3% vun der Äerduewerfläch – an entfällt haaptsächlech op d'Kontinente: Eurasien (geographesch-geologeschen Iwwerbegrëff fir Europa an Asien), Afrika, Amerika (Nordamerika, Mëttelamerika a Südamerika), Antarktis an Australien.

Dobäi bezeechent een kontinental (zesummenhängend) Landmasse als Festland. Landfläche, déi direkt un d’Mier grenzen, heeschen Küste. Am Géigesaz dozou steet d'Banneland, eng no alle Säiten wäit vum Mier distanzéiert Landfläch.

Kleng a verstreete Landfläche am Mier, a Séie oder Flëss ginn Insele genannt a ginn net zum Festland gezielt. Bei gréisseren Inselgruppen gëtt d'Haaptinsel als Festland bezeechent an déi der Haaptinsel virgelagerte küstennoen Inselen als Nieweninselen.

Landfläche reagéieren am Géigesaz zu der Waasserfläche ganz schnell a staark op eng variéierend Sonnenastralung, well si eng méi spärlech spezifesch Wärmt wéi Waasser hunn. Dofir killt d'Land iwwer Nuecht méi schnell of wéi d'Mier an wiermt sech am Dag méi schnell op. Wat d'Landmass méi grouss ass, ëmsou méi däitlech weist sech dësen Effet an ass typesch fir e kontinentaalt Klima.

Kuckt och [änneren]