Landkrees

Vu Wikipedia

Vertikal Verwaltungsstruktur vun Däitschland

Vertikal Verwaltungsstruktur vun Däitschland

E Landkrees (an Nordrhein-Westfalen, Schleswig-Holstein an deelweis Hessen einfach Krees genannt) ass eng territorial Ënnerandeelung vun engem däitsche Bundesland, déi rechtlech gesinn d'Form vun enger Gebittskierperschaft huet an där hire Sënn an Zweck et ass, verschidden Aufgabe fir d'Gemengen z'erleedegen, déi an der Verwaltungsstruktur ënner hir stinn.

De Landkrees ass ëmmer da fir eng Aufgab zoustänneg, wann d'Leeschtungsfäegkeet vun der Gemeng net duergeet, wann e finanziellen Ausgläich fir d'Schafe vu gläichwäertege Liewensverhältnisser am Krees néideg ass, a wann eenheetlech Léisungen iwwer d'Gemengegrenzen ewech gefuerdert sinn.

Dës éischter partnerschaftlech Aufgabendeelung ass deemno net fix, a sou kënne gréisser an domat och méi leeschtungsfäeg Gemengen zousätzlech Aufgaben iwwerhuelen, déi bei méi klenge Gemenge vum Krees gedroe ginn.

Typesch Aufgabe vun engem Landkrees si virun allem Déngschtleeschtungen: de Bau an den Ënnerhalt vu Kreesstroossen, d'Führerschäiwiesen, d'Gesondheetswiesen, de Katastropheschutz, d'Liewensmëtteliwwerwaachung, d'Dreckseliminatioun, den Ëffentlechen Transport, d'Sozialhëllef, d'Rettungswiesen, den Déiereschutz, asw.

Fir d'Verwaltung vum Landkrees ass um Sëtz vun der Gebittskierperschaft, an der sougenannter Kreesstad, eng Administratioun ageriicht (Landrotsamt, Kreesverwaltung, Kreeshaus, etc.). Hei huet och de Landrot säin Déngschtsëtz.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]