Landschaftsecologie

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gnome-globe.svg Dëse Geographiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

Landschaftsecologie ass, no der Definitioun vum Geograph Carl Troll (1970), de Studium vun all de Wiesselbezéiungen tëschent de Liewensgemeinschaften an hiren Ëmweltbedingungen, déi an engem Landschafts-Ausschnëtt virkommen. Dat äussert sech raimlech an engem bestëmmte Verbreedungsmuster (en:landscape mosaic, landscape pattern), an an enger naturraimlecher Andeelung vu verschiddene Gréisstenuerdnungen. Fir déi Interaktiounen tëscht der Ëmwelt an de Liewensgemeinschafte kënnen ze studéieren huet den C. Troll Loftbiller gemaach, a konnt domat en éischte Schrëtt maache fir den Afloss vun der raimlecher Struktur op d'Organisme wéi och d'Verhalen an d'Funktionéiere vun der Landschaft als ee Ganzt z'analyséieren.

[änneren] Literatur

  • C. Troll: Landschaftsökologie (Geoecology) und Biogeocoenologie. Eine terminologische Studie. 1970, S. 9-17.
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen