Chambre d'agriculture
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
(Virugeleet vu(n) Landwirtschaftskammer)
D'Chambre d'agriculture oder d'Landwirtschaftskummer (LWK) zu Lëtzebuerg ass d'Beruffschamber vun de Baueren, Wënzer a Gäertner.
[änneren] Geschicht
Duerch d'Gesetz vum 4. Abrëll 1924[1] gouf eng legal Basis fir d'Landwirtschaftskummer a véier aner Beruffschambere geschafe.
Op Basis vum groussherzoglechen Arrêté vum 10. Oktober 1945[2] gouf de Conseil national de l'agriculture[3] an der Bauerenzentral geschafe fir d'Attributiounen an d'Funktioune vun der Landwirtschaftskummer z'iwwerhuelen.
Mam Gesetz vum 7. September 1987[4], wat dat modifizéiert Gesetz vum 4. Abrëll 1924 ëmgeännert an erweidert huet, gouf de Fonktiounement an de Walmodus vun der Landwirtschaftskummer festgeluecht.
[änneren] Referenzen
- ↑ Loi du 4 avril 1924 portant création de chambres professionnelles à base élective. Mémorial A n° 21 du 03.05.1924
- ↑ Arrêté grand-ducal du 10 octobre 1945 portant modification de la loi du 4 avril 1924, concernant la création de chambres professionnelles. Mémorial A n° 59 vum 15.10.1945
- ↑ C.N.A. war Jorzéngte laang als offiziell Ofkierzung vum « Conseil national de l'agriculture » bekannt, haut ass deeselwechte Kierzel fir de Centre national de l'audiovisuel geleefeg.
- ↑ Loi du 7 septembre 1987 modifiant et complétant la loi modifié du 4 avril 1924 portant création de chambres professionnelles à base élective. Mémorial A n° 78 vum 17.09.1987


