Lann um Briddel

Vu Wikipedia
Lann um Briddel
Déi bemierkenswäert Lann am September 2011
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Koplescht
Plaz Briddel
Adress Rue Paul Binsfeld / Rue rue du Tilleul
Koordinaten 49°39'39,510"N, 6°4'56,791"O
Bamaart Summerlann
Geschaten Alter 200 Joer
Héicht 26 m (2000)
Duerchmiesser 1,25 m (2000)
Ëmfang 3,90 m (2000)
D'Lann an der Stroossegafel tëscht der rue du tilleul (riets) an der Paul-Binsfeld-Strooss (lénks) (Mee 2008).
D'Lann am spéiden Hierscht (Oktober 2008).

Déi bemierkenswäert Lann um Briddel ass eng Summerlann (Tilia platyphyllos, tilleul à larges feuilles, Sommerlinde), déi um Briddel an der Gemeng Koplescht, an der Gafel vun der Paul Binsfeld-Strooss an der rue du tilleul steet. Si gehéiert wéinst hirem Alter, hirer imposanter Form, an der Plaz wou se steet (matzen an engem Wunnquartier) zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

De Bam huet eng bal perfekt Pyramideform, wat drop zeréckzeféieren ass, datt de Stamm sech vun der Basis un, riicht erop bis an d'Spëtzt verlängert.

Den Alter vun der Lann gëtt op méi wéi 200 Joer geschat[1]. Nieft dem Bam steet e Weekräiz vun 1817. D'Lann soll bei der Geleeënheet vum Ofdanke vum Napoleon I. geplanzt gi sinn[2].

Entwécklung vum Bam[änneren | Quelltext änneren]

Ongeféier Moosse vum Bam (m)
Joer [3]
1980 3,86 1,23 22,00
≈2000 3,90 1,25 26,00

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Pailhès, M., S. Thomé, D. Murat & E. Jablonski (texte), C. Bosseler & M. Feldtrauer-Molitor (photos), 2023. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Éditeurs : Administration de la nature et des forêts & natur&ëmwelt. Imprimerie Centrale, 252 p. ISBN 978-2-9199474-3-0 (Cf. S. 98-99: Le pin et le tilleul à Bridel, kuerzen Text a Foto).
  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des Eaux et Forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 120-121, Text a Foto).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. S. 88-89, Foto an Text).

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lann um Briddel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Arbres remarquables 2023
  2. Arbres remarquable 2002
  3. op Broschthéicht gemooss