Lannenallee um Scheedhaff

Vu Wikipedia
Lannenallee um Scheedhaff
D'Lannenallee um Scheedhaff, vun der Strooss aus gesinn (Februar 2024). Lénks d'Ruine vum Scheedhaff. Riets de Fiichtebestand mat dem bemierkenswäerte Séisskäschtebam (op dësem Bild net ze erkennen).
Kategorie Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg, Allee
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Koordinaten 49°36'35,21"N, 6°11'51,94"O
A Richtung Strooss gekuckt. Riets eent vun deenen zwee Wunnhaiser um Scheedhaff.

D'Lannenallee um Scheedhaff steet beim Scheedhaff zu Hamm, wou se laanscht d'Iwwerreschter vum fréiere Scheedhaff bis bei zwee Wunnhaiser féiert.

D'Allee, déi a Privatbesëtz ass, verleeft rechtwénkeleg zu der Strooss (Val du Scheid; CR234), déi vum Parking vum amerikaneschen Zaldotekierfecht aus a Richtung Sandweiler féiert.

D'Lanne vum Scheedhaff gehéieren, wéinst der imposanter Allee déi se bilden, zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg. De geneeën Alter vun der Allee, déi aus 69 Beem besteet, ass net bekannt. Et ass och net gewosst zu wat fir enger Aart se gehéieren (Summer- oder Wanterlannen).

D'Lannenallee gouf 2002 fir d'éischt op d'Lëscht vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg opgeholl.

Ëm 2000 gouf beim déckste Bam en Ëmfang op Broschthéicht vun 2,73 m an eng Gréisst vu 26 m gemooss.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 150, Text a Foto).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Fotoalbum[änneren | Quelltext änneren]

Richtung Strooss gekuckt

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lannenallee um Scheedhaff – Biller, Videoen oder Audiodateien