Lanzhou
| Lanzhou | |
|---|---|
| Land | |
| Status: | Bezierkfräi Stad |
| Provënz: | Gansu |
| Koordinaten: | 36,06° N; 103,79° O |
| Fläch: | 14.620 km² |
| Awunner: | 3.200.000 (2005) |
| Héicht: | 1.600 m i. NN |
Lanzhou ass eng Stad mat enger Population vu 3,2 Mio. Awunner (2004 geschat), dovun 1.2 Mio. an der Stad selwer déi an der Volleksrepublik China läit . Si ass d'Haapstad vun der Provënz Gansu a läit um Giele Floss, dem Huang He. Si gëtt als déi am stäerksten polluéiert Stad a China betruecht. Dës Regioun gouf schonns zur Zäit vun der Han Dynasty besidelt an huet domat eng Geschicht vu 2.000 Joer. Lanzhou huet den Numm Gëlle Stad kritt, well se eng wichteg Etappenuertschaft op der fréierer Seidestross war. Nom Enn vun der Han Dynasty koum dës Stad ënnert d'Herrschaft vu verschidde Stämm, déi se als hir Haaptstad betruecht hunn.
Eréischt am Joer 1656 , während der Qing Dynasty, krut d'Stad den Numm Lanzhou.
Inhaltsverzeechnes |
Geographesch Basisdonneeën [änneren]
- Iwwerfläch: 14.620 km²
- Héicht: 1.600 m iwwer dem Mieresspigel
- D'Stad läit am Zenter vun der VRC
- D'Stad erstreckt sech op enger Längt vun 20 km laanscht de Giele Floss, den Huang He, dee vu Westen no Osten duerch d'Stad leeft.
- Déi nobäi geleeën Qilian Bierger, de Pingliangbierg an de Kongtongbierg bilden eng wichteg Gebiergsketten an der taoïstescher Mythologie.
Kuckeswäertes [änneren]
- Bingling Si, eng buddhistesch Tempelkonstruktioun an Hielen baussen der Stad. Si ass zum groussen Deel zur Zäit vun der Tang-Dynastie (618-907) gebaut;
- de Provënzmusée Gansu, e kulturhistoresche Musée;
- de Park vun der wäißer Pagode mat enger 7-stäckeger Pagod, déi während der Yuan-Dynastie (1271-1368) gebaut gouf, léit op engem Hiwwel beim Uwänner vum Giele Floss.
Kuckt och [änneren]
Lëscht vun de chinesesche Groussstied
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Lanzhou – Biller, Videoen oder Audiodateien |