Lara Marx

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Lara Marx, gebuer de 27. Januar 1989, ass eng lëtzebuergesch Konschtturnerin a Liichtathleetin.[1]

Am Joer 2005 huet si Lëtzebuerg bei de World Artistic Gymnastics Championships zu Melbourne (Australien) vertrueden.[2]

Bei de Spiller vun de klenge Länner 2007 zu Monaco hat se dräi Gold- an zwou Sëlwermedaile mat heemgeholl.

Wéinst enger schwéierer Verletzung war si gezwonge mam Turnen opzehalen. Si ass bei d'Liichtathleetik gewiesselt a gehéiert elo do zu de beschten am Wäitsprong.[3] Si mécht awer och Hürdelaf a Stafhéichspronk.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.all-athletics.com/node/973911
  2. http://gym.longinestiming.com/File/000004040000FFFFFFFFFFFFFFFFFF01
  3. Im zweiten Anlauf zum großen Traum op wort.lu vum 24. Februar 2016