Large Binocular Telescope

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Geographesch Koordinaten: Gnome-globe.svg 32° 42’ 05’’ N 109° 53’ 22’’ W
Den LBT

De Large Binocular Telescope (ofgekierzt LBT, op Lëtzebuergesch „grousse binokularen Teleskop“) ass en Teleskop fir astronomesch Observatiounen. E steet um 3.267 Meter héije Mount Graham an Arizona an ass en Deel vum Mount Graham International Observatory. Den LBT huet zwéin 8,4 Meter grouss Haaptspigelen, déi déiselwecht Liichtsammelleeschtung wéi en eenzelnen 11,8 Meter groussen Teleskop erreechen.[1] En erreecht déi optesch Opléisung vun engem 22,8-Meter-Spigel.[1] Bei Testfotoen hat en eng Strehl-Zuel vun 0,6 bis 0,8 erreecht (e Wäert vun 1 entsprécht engem perfekte Bild). Weider Tester hu Wäerter vun 0,82 bis 0,84 erginn.[2]

Ee vun den LBT-Haaptspigelen hat den 12. Oktober 2005 säin „Éischt Liicht“. Dofir gouf de Spiralniwwel NGC 891 erausgesicht, deen eiser Mëllechstrooss ganz vill gläicht.[3] Enn 2007 gouf och déi zweet 36-Megapixel-CCD-Kamera geliwwert, sou datt dat éischt wierklecht first light vum LBT am binokulare Betrib geschéie konnt.[4]

Zesummenaarbecht vun dräi Staaten[änneren | Quelltext änneren]

Den neien Observatoire gouf an 8 Joer an Teamaarbecht vun den USA (25 % University of Arizona, 12,5 % Research Corporation, 12,5 % Ohio State University), Däitschland (25 % LBT Bedeelegungsgesellschaft = Max-Planck-Institut fir Astronomie, Max-Planck-Institut fir extraterrestresch Physik, Max-Planck-Institut fir Radioastronomie, Leibniz-Institut für Astrophysik Potsdam, Observatoire Heidelberg) an Italien (25 % INAF) opgeriicht.

Seng voll Leeschtungsfäegkeet gouf am Fréijoer 2008 erreecht. Dat bezitt sech op déi zwou Primärfokuskameraen. All Instrumenter vun der éischter Generatioun zesumme solle vun 2011 un asazbereet sinn. A senger Bauweis ass et de weltgréissten opteschen Teleskop. Zwar gëtt et Teleskope mat méi groussen Eenzelspigelen an och optesch Interferometere mat méi grousse Basislinnen, dofir hunn awer bei aneren Interferometeren d'Spigele keng kollektiv Montéierung.

Konzept[änneren | Quelltext änneren]

Ee vun den zwéin Haaptspigelen an der Direktusiicht

De Gebrauch vun zwéi Spigelen (si weie jee ronn 16 Tonnen) amplaz engem eenzelnen huet opfalend Virdeeler:

  • Den Duebelteleskop sammelt grad sou vill Liicht wéi en 11,8-Meter-Spigel. Et ka bis op 2,5 Millioune km Distanz (7-fach Äerdmounddistanz) nach d'Liicht vun zwou Käerzen opléisen, déi 100 Meter vunenee sinn.[5]
  • D'optesch Opléisung vum LBT ka mat Interferometrie op déi vun engem 22,8-Meter-Spigel vergréissert ginn.[1]
  • Mat Hëllef vun der Interferometrie soll och d'Liicht vun Zentralstäre quasi ausgeblennt ginn, fir deenen hir eventuell Planéiten direkt ze kucken[6] („Nulling-Interferometrie“).

Käschtepunkt, Steierung an éischt Miessungen[änneren | Quelltext änneren]

De Bau an d'Instrumenter kaschte ronn 100 Milliounen Euro. D'LBT-Bedeelegungsgesellschaft (LBTB) ass eng Zesummenaarbecht vu fënnef Fuerschungsinstituter an Däitschland, déi beim Large-Binocular-Telescope-Projet (LBT-Projet) matmaachen. Fënnef däitsch Instituter hun d'astronomesch Instrumenter entwéckelt:

D'Primärfokuskameraen LBC-RED an LBC-BLUE goufe vum italieneschen Instituto Nazionale di Astrofisica (INAF) entwéckelt. An der University of Arizona gouf Hard- a Software entwéckelt. Folgend Instrumenter goufe fir den LBT entwéckelt:

  • LBT NIR-Spectroscopic Utility with Camera and Integral-Field Unit for Extragalactic Research (LBT-LUCIFER)
  • Large Binocular Camera Blue (LBC)
  • Large Binocular Camera Red (LBC)
  • Multi-Object Double Spectrograph (MODS)
  • LBT Interferometric Camera (Linc-Nirvana)
  • LBT Interferometer (LBTI)
  • Potsdam Echelle Polarimetric and Spectroscopic Instrument (LBT-Pepsi)
  • ARGOS (Advanced Rayleigh Guided Ground Layer Adaptive Optics System) Laserguidestar vun der nächster Generatioun; pro A vum LBT sollen dräi gréng Laser (532 nm) dozou dengen, d'atmosphäresch Turbulenzen aus de Biller erauszerechnen

Den éischte vun de béiden Zwillingsspigele gouf am Oktober 2004 montéiert, den zweeten am Hierscht 2005, nodeem en 2004/05 zu Tucson duerch laangt Poléiere seng definitiv Form krut. De 26. Oktober 2005 goufen déi éischt Fotoe publizéiert, si weisen d'Galaxis NGC 891 a ware schonn den 12. Oktober 2005 gemaach ginn. Zanter Ufank 2007 ginn déi éischt regulär wëssenschaftlech Observatioune mat dem LBT an der LBC-Blue gemaach. Déi éischt Fotoe weisen déi androcksvoll d'Leeschtungsfäegkeet vum LBT.

Protester géint de Projet[änneren | Quelltext änneren]

D'Apachen an d'Ëmweltschützer hate géint de Projet protestéiert, wouduerch de Bau gebremst gouf. Fir d'Apachen ass de Bierg helleg. D'Naturschützer hate gefaart, datt e besonnescht Ecosystem mat fënnef Klimazonen beschiedegt géif.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Large Binocular Telescope – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]