Large Synoptic Survey Telescope

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Large Synoptic Survey Telescope (LSST) ass e geplangte Spigelteleskop mat groussem Siichtberäich, deen den zougänglechen Himmel komplett an dräi Nuechte fotograféiere kann. Mam Baue gouf 2010 ugefaangen an et soll fir 2014 fàerdeg sinn. D'Teleskop steet um 2.682 Meter héijen El-Peñón-Bierg vum Cerro Pachón am nërdleche Chile. An der Noperschaft steet de Gemini-South-Teleskop, den SOAR-Teleskop an de CTIO-Teleskop.[1]

Verglach mat aneren Teleskope vun dëser Gréisst hieft sech den LSST duerch säi grousse Bildwénkel mat engem Duerchmiesser vu 3,5° eraus (de Mound an d'Sonn hu vun der Äerd aus gesinn en Duerchmiesser vun ongeféier 0,5°). Mat senger grousser Ëffnung vun 8 Meter ergëtt sech eng ausseruerdentlech Breet vun 318 m2degree2.

Den Direkter vum LSST ass den Anthony Tyson [2].

Kuckt och [änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie


Um Spaweck [änneren]

Referenzen [änneren]