Larry Sanger

Vu Wikipedia
Larry Sanger
Gebuertsnumm Lawrence Mark Sanger
Gebuer 16. Juli 1968
Bellevue
Nationalitéit USA
Educatioun Ohio State University
Aktivitéit Philosoph, Blogger, Informatiker, Geschäftspersoun

De Lawrence Mark Sanger (* 16. Juli 1968 zu Bellevue, Washington) ass e Matgrënner vun der Wikipedia.

De Sanger huet säi Jonktem zu Anchorage an Alaska verbruecht. Seng Studien hunn der Philosophie gegollt, wouran en 1991 säi Bachelor um Reed College an 2000 säin Dokter op der Ohio State University gemaach huet.

Wéi den Jimbo Wales am Mäerz 2000 den oppenen Enzyklopedieprojet Nupedia an d'Liewe geruff huet, huet en de Larry Sanger als Chefredakter agestallt. Bezuelt gouf e vum Wales senger Internetfirma Bomis.

Vu datt d'Nupedia wéinst sengem opwännege Peer-Review Bewertungssystem, mat deem en héije Qualitéitsstandard vun den Artikele geséchert sollt ginn, ni richteg Fortgank krut, huet de Sanger dem Wales am Januar 2001 virgeschloen, e Parallelprojet opzebauen, deen um Wikiprinzip sollt baséieren: d'Wikipedia war gebuer. De Sanger gouf bei dësem neie Projet eng Zort inoffizielle Cheforganistor, deen der Wikipedia den Numm ginn huet a vill vu senge Richtlinnen ausgeschafft huet.

Wéi Bomis am Februar 2002 op eemol opgehalen huet, dem Sanger säi Salaire ze bezuelen, do huet hien nach e knappse Mount éierenamtlech weidergeschafft an duerno ganz bei Nupedia an der Wikipedia opgehalen. A sengem Demissiounsbréif vum 1. Mäerz 2002 huet en erkläert, e wéilt léiwer guer näischt maache wéi eppes just hallef, schliisslech hätt e wéinst senger Sich no enger neier Aarbecht a sengen aneren Obligatiounen e massiven Zäitproblem kritt. An engem Artikel vum Dezember 2004 fir d'Websäit Kuro5hin, wou en ë. a. d'Iddi lancéiert datt d'Meenung vu Fachleit op der Wikipedia méi héich gewiicht sollt gi wéi déi vu Laien, huet en awer duerchsickere gelooss, datt säin definitiven Depart och mat "enger gewësser vergëftener sozialer oder politescher Atmosphär am Projet" ze dinn hat.

D'Nupedia huet ouni seng Féirung praktesch guer kee Progrès méi gemaach an ass d'Joer drop ganz zougemaach ginn. Mä d'Wikipedia huet wéinst dem Zoustrom vun Dausende fräiwëllege Mataarbechter weider expandéiere kënnen an ass zu enger vun de gréisste Wëssensdatebanken am Internet ginn.

Zanter Januar 2004 ass de Sanger Juniorprofesser op der Ohio State University, wou e Philosophiescoursen hält.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Larry Sanger – Biller, Videoen oder Audiodateien