Las Campanas-Observatoire

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Siicht vum Irénée-du-Pont-Teleskop: Op dem Hiwwel lénks sinn déi béid Magellan-Teleskope ze gesinn, vir steet e Panoramatuerm, dohannert dat Warschauer Teleskop an den 13"-Refrakter, riets d’Henrietta-Swope-Teleskop
Vir riets déi béid Magellan-Teleskope, lénks dohannert d’Irénée-du-Pont-Teleskop.

D’Las-Campanas-Observatoire ass en astronomescht Observatoire am Besëtz an ënnert der Leedung vum Carnegie Institution for Science. Et steet an der Géigend vun La Serena am Chile. D’Plat gouf ogrond sengem Klima a Wieder fir d’Observatoire gewielt: et läit meeschtens iwwert de Wolleken a bitt 300 wollekefräi Deeg pro Joer fir Fuerschung vum Stärenhimmel.

Am Observatoire steet eng Rei vu Spigelteleskope. Déi gréissten Instrumente sinn déi béid Magellan-Teleskope mat 6,5 m Spigelduerchmiesser. Doniewent gëtt et d’„Irénée du Pont“ mat 2,5 m Spigelduerchmiesser ab d’„Henrietta Swope“ mat 1,0 Meter, genannt nom Irénée du Pont resp. Henrietta Hill Swope. D’Swope zeechent sech duerch e grousse Bildwénkel vun 2° aus, dat duerch eng bestëmmte Ritchey-Chrétien Opbau mat engem relativ groussem 25 cm Sekundärspigel an engem Gascoigne Korrekter erreecht gëtt.

D’Irénée du Pont kann mat folgenden Instrumenten bedriwwe ginn:

  • Direct CCD Camera
  • Wide Field IR Camera
  • Wide Field Reimaging CCD Camera
  • Boller & Chivens Spectrograph (Slit Spectrograph)
  • Echelle-Spektrograph
  • ModSpec, e Spektrograph, deen och um Henrietta Swope Teleskop gebraucht ka ginn.

Fir d’Henrietta-Swope-Teleskop stinn folgend Instrumente bereet:

Op dem Geéänn stinn och nach 1.3m Warsaw University Telescope und ein 13-inch Refraktor.

[änneren] Kuckt och

Saturn 01.svg Portal Astronomie


[änneren] Um Spaweck

Commons: Las Campanas Observatorium – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen